2017 gouf musical.ly fir ronn 1 Milliard US-Dollar u Bytedance verkaf an dorausser gouf dunn TikTok. Eng 800 Milliounen Notzer zielt d'App de Mount a gëtt vrun allem vu Kanner genotzt, ma mëttlerweil entdecken och vill Erwuessener d'App fir sech. Vun 13 Joer un dierf ee se benotzen, ma d'Kontroll ass awer relativ liicht ze ëmgoen. Net ëmsoss gëtt der chinesescher Entreprise dacks virgehäit si géinge kee grousse Wäert op d'Sécherheet leen. De Loïc Juchem huet mat Experte geschwat a weess och op wat ee soll oppassen.

08/07/2020 TikTok?

Bei TikTok kann een selwer Videoen dréinen a Kombinatioun mat Musek oder bekannte Filmzeenen. Och zu Lëtzebuerg ass d'App voll am Trend. Béi Bee Secure hunn och scho Leit ugeruff a wollten Ënnerstëtzung, vill Leit wéilte sech renseignéieren a wëlle wësse wat hir Kanner mat dëser App maachen. Wei bei villen aneren Applikatiounen och, soll ee bei TikTok op Cybermobbing a Grooming oppassen.

Grooming ass e Prozess wou en Erwuessenen eng Vertrauensbasis mat engem Mannerjäregen opbaut, mam Zil sexuell iwwergrëffeg ze ginn. D'Sally Stephany vu Bee Secure ass net géint d'App TikTok, et soll een sech just Zäit loosse beim umellen.

Sally Stephany: D'Sécherheet vun enger App, respektiv wei vill Risiko een sech selwer aussetzt hänkt ëmmer vun dem of wat een an der App kann astellen. Et ass ëmmer wichteg ''terms and conditions'' ze liesen, och wann et vill Text ass.

Dernieft ass och dat eegent Verhale wichteg, et muss ee selwer wësse wat ee vu sech präis gëtt a publik mécht. Bei Tiktok brauch ee keen Account wann ee just wëll kucken, do géing een dann och just wéineg Perséinleches ëffentlech maachen. Mellt ee sech bei TikTok un, dann ass engem säi Profil am Ufank ëffentlech. Et muss een drun denken an de private Modus ze wiesselen. Fir net vu frieme Leit ugeschriwwen ze ginn, kann een d'Chat Funktioun an den Astellungen op seng Frënn limitéieren.  Wei ëmmer soll een d'Kanner an déi Jugendlech awer och guidéieren an dofir spillen d'Elteren e wichtege Rôle.

Sally Stephany: Am Idealfall kritt e Jugendlechen en Handy a gëtt vun Ufank un vun den Elteren begleet. Wichteg sinn konkret Reegelen, wéini a wei laang däerf een den Handy benotzen. D'Elteren solle mat kucken a sech interesséieren, ''wat ass dat?''  an eventuell och froen fir selwer mat ze kucke.

Zemol bei TikTok kéint een och mol zesumme Videoe maachen a mat der ganzer Famill Spaass hunn, sou leiert dann och jiddereen d'App kennen. Och erwuesse Leit kënnen d'App benotzen, et gëtt mëttlerweil och den Hashtag ''over thirty''.

Wéi bei villen Apps ginn et och bei der chinesescher App eng Partie geféierlech Erausfuerderungen zum Beispill d'Kulikitaka Ti Challenge, wou et drëms geet Kéi oder aner Déiere mat dësem Lidd ze erschrecken. Dausende Leit si matgezunn an hunn Deieren erschreckt. Och wärend dem Autofueren aus dem Auto ze sprangen an dann ze danze war eng Zäit laang am Trend. Ma et ginn och positiv Aktiounen zum Beispill d'Clean Snap Challenge wou et drëms geet op enger Plaz den Dreck opzerafen an dat dann op TikTok online ze stellen.