Schonn als Kand a Jugendlechen huet den Emile V. Schlesser sech gär a vill mam Film beschäftegt. Spéider huet hien sech decidéiert op der Kunstakademie zu Düsseldorf Molerei ze studéieren an huet duerno nach e Video & Film Studium drugehaangen, an ass do souguer als "Meeschterschüler" erausgaangen. Senger Passioun fir d'Molerei geet en nach ëmmer no, ma de Film steet awer un éischter Stell. Elo ass hie fir d'éischte Kéier mat engem Präis fir seng Leeschtung ausgezeechent ginn. Fir säi Kuerzfilm "Superhero" huet hien den 1. Präis bei den "13th Street Shocking Short Awards" gewonnen. Ëm wat geet et am Film a wat bedeit de Präis fir hien? D'Liz Heintz huet mam Kënschtler geschwat.

09/07/2020 "Superhero" vum Emile V. Schlesser