Ënnert dem Titel "Young Voices" hat den engleschsproochege Verlag "Black Fountain Press" e Schreifconcours fir Jonker tëscht 16 a 26 Joer organiséiert De leschte Mëttwoch hate mir Iech schonn d'Anouk Schreiner an den Noah Gudgeon virgestallt, d'Gewënner an der Kategorie 16 bis 19 Joer. Wien d'Laureaten an der Kategorie 20 bis 26 Joer sinn, dat weess d'Bea Kneip  

11/07/2020 Lecture vun heiheem: Concours a Buch "Young Voices" (2)

Beim Prix Laurence gouf e schonn zweemol ausgezeechent a fir säin Asaz géint Rietsextremismus gouf en 2018 mam Prix René Oppenheimer belount. Momentan studéiert de Maxime Weber Philosophie zu Berlin. Mä loosse mir hie selwer zu Wuert kommen:Maxime Weber:Moien, mäIn Numm ass Maxime Weber, ech si 26 Joer al an ech wunne grad zu Berlin. Ech hu mat 9 Joer ugefaange mat schreiwen, einfach well et e Besoin ass, deen ech net wierklech ofstelle kann. Wat mech am meeschten doru faszinéiert, ass dass ech Welten erschafe kann an déi ech och aner Mënschen eraloosse kann, gewëssermoossen, an dass ech hinnen dobäi och Asiichte liwwere kann déi se ëmmer gefillt hunn, mä selwer ni a Wierder faasse konnten. Um Ufank vu menger Kuerzgeschicht "Panima" stoung e Bild dat mer enges Dages komm ass, vu riisege liewege Stroummasten déi iwwer Felder wanderen, an ech hu mer dun iewer d'Fro gestallt: wéi koum et dozou? Vun der Fro aus hunn ech dann d'Geschicht entwéckelt, dass enges Dages all mënschegemaachten Objeten aus onerklärleche Grënn Bewosstsinn erlaangen. Dobäi sinn ech dann och zimlech schnell zur Erkenntnis komm, dass déi Liewensformen déi dobäi aus deene mënschegemaachten Objeten entstoe géingen, dass déi quasi wéi Aliens op eis wierke géingen. E ganz groussen Afloss op Panima an d'Iddi dohanner haten ënner anerem och d'Buch "Other Minds" vum Peter Godfrey Smith an deem et dorëms geet wéi d'Bewosstsinn beim Oktopus opkomm ass, dem Thomas Ligotti säi Wierk, ënner anerem säin non-fiktionalt Buch "The Conspiracy against the Human Race" an deem hien de Gedanken opgräift, dass d'mënschlecht Bewosstsinn u sech just en evolutionären Accident wor, an dann, finalement, nach d'Florence Sunnen, eng gutt Frëndinn vu mir, dem seng Tipps während dem Schreifprozess immens hëllefräich waren fir mech, an dat och selwer an enger ähnlecher Richtung schreift wéi ech.       

Fir seng Kuerzgeschicht "Panima" krut de Maxime Weber den zweete Präis an der Kategorie 20 bis 26 Joer. 

Den éischte Präis war fir "What's in a Name" vum Amela Skenderovic

Amela Skenderovic: Ech sinn d'Amela Skenderovic, hu 24 Joer, a si momentan Master-.Studentin um King's College zu London. Ech hu mäi Bachelor an der englescher Literatur gemaach, also ass Liesen schonn ëmmer eng Leidenschaft fir mech gewiescht, mä deen heiten Text ass elo deen éischten deen ech publizéiert hunn. Wat mech um Schreiwe faszinéiert, ass einfach d'Méiglechkeet fir sech an engem Text erëmzefannen. Duerch mäi Studium hunn ech Auteure sou wéi de Salman Rushdie oder d'Anita Desai entdeckt, déi Theme behandelen sou wéi Migratioun oder Identitéit, a wéi schwéier et heiansdo ka sinn, sech an engem Land wuelzefillen wou net onbedéngt deng Heemecht ass oder wous du op d'Welt komm bass, mä dech awer oft ausgeschloss fills. An dat ass dann och u sech d'Iddi hannert mengem Text "What's in a Name", an deem ech mech domat auserneesetzen wéi et ass, als jonke Mënsch mat engem Migratiounshannergrond zu Lëtzebuerg opzewuessen an an d'Schoul ze goen. D'Iddi ass mer einfach an de Kapp komm well ech selwer a mengem Ëmfeld vill esou Geschichten héieren hunn, also mengen ech, dass vill Leit hei zu Lëtzebuerg sech awer och an deem heiten Text wäerten erëmfannen. 

De Concours "Young Voices" gouf vu Black Fountain Press an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg organiséiert. An der Jury soutzen nieft der Anne-Marie Reuter vu Black Fountain Press och d'Jeanne Glesener, Anne-Marie Millim a Mylène Branco vun der Uni Lëtzebuerg. 

D'Buch mat den Texter vum Concours "Young Voices" ass bei Black Fountain Press erauskomm.