Bal hat de Confinement der Villa Vauban e Stréch duerch d'Rechnung gemaach – grad wéi déi grouss Expo iwwer d'Gesamtwierk vum Charles Kohl sollt opgoen, huet de Musée missten pausen. Ëmsou méi frou ass d'Famill vum Lëtzebuerger Sculpteur an d'Ekipp vun der Villa Vauban elo, fir déi bal scho vergiesse Wierker auszestellen. D'Sarah Rock war fir eis en Tuer duerch d'Expo maachen.

Expo Charles Kohl, 13/07/2020

Wien elo virwëtzeg ginn ass an dem Charles Kohl seng bekannt a manner bekannt Wierker kenneléiere wëll, dee ka se nach bis de 17. Januar an d'Villa Vauban kucke goen.