Et sinn d’Konscht an d’Kënnen déi zielen… Et ass net wichteg wéi de Kënschtler ausgesäit a wou en hierkënnt… D‘Serie „Black Arts matter“ stellt Wierker a Kreatiounen vun Artisten mat däischterer Hautfaarf an de Mëttelpunkt. Am éischten Deel geet et ëm eng grouss Perséinlechkeet. D'Sängerin an Dänzerin Josephine Baker ass an den USA gebuer, mä gouf a Frankräich e Star. Einfach hat se et net, mä si huet sech e Liewe laang fir Gläichheet engagéiert, Christiane Kremer.

14/07/2020 "Black Arts Matter" (1) Josephine Baker

Den 3. Juni 1906 koum d'Freda Josephine Mc-Donald zu St-Louis am Missouri op d'Welt als Duechter vun enger Wäschfra an engem jüdesche Museker, dee sech awer séier duerch d'Bascht gemaach huet. Hir Kannerzäit huet se an Aarmut verbruecht an an enger Ambiance vun Ongläichheet, wou de Rassismus ëmmer nees a Gewalt ausgeaart ass. Si huet scho mat 8 Joer bei wäisse Famille gebotzt, mat 13 Joer ass se hirer Wee gaangen an huet als Serveuse an engem Club geschafft. Do huet se de Willie Wells kennegeléiert, sech eng éischte Kéier bestuet an no e puer Wochen nees scheede gelooss. An där Zäit huet se ugefaangen als Sängerin an Dänzerin opzetrieden a war an den USA mat der Jones Family Band an den Dixie Steppers ënnerwee. Mat 16 Joer huet d'Jospehine Baker dee Mann begéint a bestuet, deem säin Numm se e Liewe laang behalen huet, de Willie Baker. Talent, Schéinheet, Ausstralung a Komik hunn hir eng Roll an engem Musical an de Wee op New York opgemaach.1925 ass se fir "d'Revue Nègre" op Paräis gereest an huet do hir nei Heemecht fonnt.

© Marly

Am Theater vun de Folies Bergères ass se d'Attraktioun ginn mat hirem Danz a vrun allem hirem Kostüm, eng Juppe aus Banannen a soss näischt.

Si huet als éischt den Charleston gedanzt an och ugefaangen op franséisch ze sangen a si ass op Tournee uechter Europa gezunn an a Filmer opgetrueden. Si gouf eng Ikon, d'Muse vun de Kubisten, wéi Picasso, si hat Relatioune mat Fraen a Männer an de Schrëftsteller Ernest Hemingway huet se als déi "Sënnlechst Fra vun der Welt" beschriwwen. Zu hirer amerikanescher Heemecht hat se wéineg Kontakt. An hiert Haus an der Dordogne koum hir ganz Famill wunnen.

Eréischt 1936 ass d'Josephine Baker eng éischte Kéier zeréck an d'States gaangen fir d'Show Ziegfeld Follies, gouf do awer mat rassistesche Parole beleidegt a kritiséiert. No hirem Retour a Frankräich huet se duerch de Mariage mam Jean Lion déi franséisch Nationalitéit kritt.
Wärend dem zweete Weltkrich huet sech d'Josephine Baker beim Roude Kräiz engagéiert, huet fir d'Truppe gesongen, war awer och ganz aktiv an der Résistance. Si huet Messagen an hire Musekpartituren, awer och an hirer Ënnerwäsch geschmuggelt. Si gouf spéider mat der Légion d'honneur ausgezeechent.

Hiren sozialen Engagement huet se weidergefouert. Nom Mariage mam Orchesterchef Jo Bouillon huet d'Josephine Baker 12 Kanner aus alle Regiounen vun der Welt adoptéiert, hir "Reebou-Famill" huet se se genannt.

Mä och an den USA ass d'Josephine Baker an den 1960er Jore ganz militant ginn an war nieft dem Martin Luther King beim Marsch op Washington derbäi. Dësen Engagement huet se och nees mat hirer Heemecht versönt, 1973 ass se an der Carnegie Hall zu New York opgetrueden an huet minuttelaang gekrasch. Zwee Joer méi spéit ass d'Josephine Baker am Alter vun 68 Joer un engem Hireschlag gestuerwen. 20 000 Mënsche stoungen zu Paräis laanscht d'Stroosse fir hir e leschten Äddi ze soen. Si gouf als éischt Amerikanerin mat miltäreschen Éiere begruewen.