Zanter der ganzer Coronakris hëlt eise Kolleeg Nico Graf, deen an Däitschland wunnt, eis a sengem Blog um courant, wat hien all déi Deeg beweegt huet an nach ëmmer beweegt. Elo krut hie Post.

12/07/2020 Blog vum Nico Graf: Corona Vakanz

Mäi Gouvernement huet mer geschriwwen. Ups, wann ech dat esou schreiwen, da mierken ech, datt do eppes net stëmmt. Well et net eendeiteg ass. Ech hunn där Regierunge jo vill; wann ech richteg ziele sinn et der 4: eng zu Bréissel, eng zu Berlin, eng zu Mainz an eng zu Lëtzebuerg. Et huet een et schwéier als Frontière-Pendeler mat all deene Regierungs-Cheffinnen a - Cheffen, déi engem op de verschiddenste Pläng an d'Liewe schwätzen.

Ech krut also Post vu mengem Gouvernement, well soen vun där Regierung, déi mer iergendwéi dach awer am noosten ass, déi westlech vu Musel a Sauer. An zwar koum de Bréif vum Ministère de l´Economie, Direction générale du Tourisme. Mam Tourissem-Ministère hat ech als Journalist nëmmen eng Kéier ze dinn, et encore, an zwar wéi am Mëllerdall alles iwwerschwemmt a futti war. Duerfir war ech e bëssi nervös, wéi ech déi Enveloppe gesinn hunn. Wat wëllen déi vu mir? Ganz einfach: d´Direction générale du Tourisme schéckt mir Geld, bon elo net Cash oder esou mä et ass e Bong, en Iwwernuechtungsbong, Wert: 50 Euro. A 4 Sproochen kréien ech explizéiert, datt ech deen aléise kann tëscht dem 15. Juli an dem 31. Dezember dëst Joer. An de Bong zilt net wierklech op mech; et geet ëm „d´Relance vum lëtzebuergeschen Tourismussecteur“. Ech soll also eng Rees an d´Ländche maachen, do iwwernuechten, gutt baffen an drénken an dann en Deel vun de Käschten mam 50 Euro accomodation voucher bezuelen.

Ech hu mech gefrot, wéi ech dee Gutschein iwwerhaapt krut. A mir ass dunn éischtens opgefall, datt si nawell genee iwwer mech Bescheed wëssen, an der Direction générale du tourisme. Si kënnen net nëmmen meng genee Adress, mä och nach mäin zweete Virnumm a mäi Gebuertsdatum, Saachen, déi si mir generéis matdeelen. Do ass also eng Administratioun, mat där ech op deem Niveau ni ze dinn hat, déi awer bal alles iwwer mech weess. An dunn ass mer bäigefall, wouhier si dat wuel wëssen. Zejoert war ech eng oder zwou Nuechten am Éislek ënnerwee, war an engem Hotel an hunn do wuel alles missen uginn, wat si mir elo matdeelen. Dat heescht, datt wuel jidder Tourist, deen zejoert am Land war, dee Bréif krut, en toutes-boites à tous les ex-touristes. Ech muss zouginn, ech hunn zwou Sekonne laang iwwer d'Protection des données nogeduecht; deen Datenschutz ass hei am Sënn vun der Relance vum Tourissem-Secteur wuel net ze héich gehaange ginn. An duerno hunn ech driwwer nogeduecht, ob et net wierklech meng patriotesch Flicht wier, fir den Tourissem erëm mat ze relancéieren. ''Rette den Konsum wer kann''. An ech hunn och zwou Sekonne laang driwwer nogeduecht, ob domat déi räich Hoteliere solle relancéiert, also gerett, ginn oder hiert Personal. Dat – hat ech gemierkt – e lauter Frontaliere waren, aus der Eifel, aus de belschen Ardennen, aus Holland. Aus Solidaritéit mat deenen misst ech mäi bon d´hébergement eigentlech aléisen.

An du hunn ech iwwer déi reell Käschte vun esou engem Openthalt nogeduecht. 50 Euro geschenkt kréien, dat ass net näischt. Mä wéi vill Prozent vu mengem next trip to Luxembourg wieren dat? Hm. An du ass mer bäigefall, wat  d´Schongvendeuse aus der Stad – jo, déi berüümt – wat déi wärend der Braderie gesot hat, dëst: konzentréiert iech  net op dat wat  der spuert, mä op dat wat et um Enn wierklech kascht; quidquid id est.

Léiwe Gouvernement, ech denken nach no iwwer Déng Offer.

„Lëtzebuerg, dat ass Vakanz!“, erziel dat emol engem Frontalier.