Mysteriéist Massestierwen. Ranger entdecken honnerte vun doudegen Elefanten am Botswana.

13/07/2020 Gréng Minutten

Zanter Woche fannen Naturschützer am afrikanesche Staat Kadaveren vun Elefanten. Et gesäit net aus wéi wann wëll Jeeër fir hiren Dout responsabel wieren, well un deenen doudege Kierperen sinn d'Elfebeenzänn nämlech nach drun, wat Wëlderen ausschléisst. Firwat déi vill Déieren aktuell stierwen schéngt deemno e Rätsel ze sinn.

An de leschten dräi Joerzéngten war d'Zuel vun den botswaneschen Elefanten vun 50.000 op 130.000 eropgaangen. D'Populatioun hat sech also esou gutt erkritt, dass d'Land dat lescht Joer esouguer d'Juegd erëm erlaabt huet. Ufank Mee goufen déi éischt Doudeg fonnt. 162. Dobäi kommen nach emol esou vill Kadaver déi Ranger an nëmmen 3 Stonne gezielt hu wou se iwwer den Nationalpark am Okavango Delta geflu sinn. Dass et sech ëm Gëft handelt, wat soll un d'Déiere verfiddert gi sinn, gëtt och als éischter onméiglech agestuuft.

Festgestallt gi konnt bis ewell just, dass d'Déieren, iert se stierwen, am Krees lafen an duerno dacks abrupt op d'Gesiicht falen, wat fir e méigleche Schued um Nervesystem kéint schwätzen. Méi Indizien ginn et bis ewell nach net. Prouwe vun de Verstuerwene ginn aktuell schonn am Labo getest. Mat de Resultater rechent een an den nächste Wochen.