An der grousser Vakanz mellt RTL Tëlee Lëtzebuerg sech all Dag vun enger anerer flotter Plaz zu Lëtzebuerg. Haut fänke mer mat eiser Serie an der Alstad un, mam bekannte lëtzebuerger Guide Theo Krausch an deem engen oder aneren Geheimtipp.

Mir hunn e no sengen dräi Liiblingsplaze gefrot, do ass d'Rumm mat dobäi an d'Corniche. An eng Plaz, wou Der kënnt déi perfekt Foto knipsen:

13/07/2020 Vakanz Doheem: Alstad 1

Den Här Krausch kennt sech net nëmmen einfach mat de Gebaier an der Geschicht vun der Alstad aus, en huet och e ganze Koup Hannergrondwëssen iwwert d'Liewen an enger anerer Zäit. Zum Beispill firwat de "Biisserwee" esou heescht ewéi en heescht. Dat huet näischt mat der Gemeng Biissen ze dinn, mä mat de 'Biester', also de Béischten....

13/07/2020 Vakanz Doheem: Alstad 2

Am Biisserwee huet och den Henker gewunnt, déi Zäit gouf "Henkesch-Gaass" dofir gesot. E war mat senger Famill ausgestouss an huet missten wäit ewech vun der Societéit vum Zentrum wunnen. Do gouf och d'Guillotine fonnt, déi mer haut nach kënnen op Dräi Eechelen am Festungsmusée gesinn. E Stéck Geschicht vun eiser Stad, a vun de Leit déi deemools hei gewunnt hunn an och misste leiden. 37 Joer ass een deemools an der Moyenne al ginn, dat konnt kloer festgestallt ginn:

13/07/2020 Vakanz Doheem: Alstad 3

... an dat alles do, wou mir haut eng flott Zäit verbréngen an e schéine Panorama genéissen.
Haut mellt d'Tëlee sech nach live vun der Plaz. Do gesitt Der dann déi wonnerschéin Alstad, léiert den Theo Krausch live an a Faarf kennen a gitt méi iwwer de Scott's an de Souvenir-Shop gewuer. De Rendez-Vous fir "Vakanz Doheem" ass den 13. Juli 2020, nom Journal vu 19 Auer op RTL Tëlee Lëtzebuerg.

© Pixabay