De leschte Freiden ass de Festival ''Cinema du sud'' ugaangen. Et ass déi entretemps 11. Editioun an dëst Joer, Corona oblige, huet se eng dach aner Nues. Op alle Fall mol technesch gesinn. Dëst Joer läit de Fokus op de Suitte vun der Globaliséierung an der Migratioun. D'Marie Gales huet mat engem vun den Organisateure geschwat.

14/7/2020 Festival ''Cinema du sud'' 2020 Doheem

Ënnert dem Motto „Act now! Global verstoen, lokal agéieren“ leeft dëst Joer de ''Cinema du sud''. Éier mir genee op dës Editioun aginn, erkläert eis d'Chantal Winandy vun der Kindernothilfe de But vun dësem Festival.
Chantal Winandy: De Festival ass ee vun den éischte grousse Consortiumsprojeten zu Lëtzebuerg, dat heescht dat ass e Projet, bei deem vill ONGen zesummen dru schaffen. A fir dës Editioun 2020 sinn et am ganzen 16 Organisatiounen, déi nach ëmmer nom selwechte Prinzip schaffen, dat heescht mir probéieren duerch de Medium Film d'Perspektiv ze wiesselen an op d'Liewenssituatioun vun de Leit am sougenannte globale Süden opmierksam ze maachen. Mir probéieren de Bléck op d'international Solidaritéit ze lenken, deen elo a schwieregen Zäite wéi elo ganz wichteg ass.

Dat sinn da keng grouss Hollywood-Produktiounen, déi regulär am Kino lafen, déi et hei ze gesi gëtt.
Chantal Winandy: Zum Beispill hu mir dëst Joer Filmer derbäi, déi a Südamerika gedréint gouf oder a Palästina. De Motto ass ''Act now! Global verstoe, lokal agéieren'', dat heescht lokal agéieren, zu Lëtzebuerg handelen awer global denken. Dat gesi mir zum Beispill beim Film ''Invisible hands'' dëse Freideg, de 17. Juli wou et drëms geet, dass an deene Produiten, déi mir och zu Lëtzebuerg konsuméieren vill Kanneraarbecht dra stécht. Wéi gesot mir wëllen d'Perspektiv wiesselen an eis mat de Leit am globale Süde beschäftegen, wat sinn d'Probleemer vun deene Leit, wéi liewen si, wat beschäftegt si, awer och wat kënne mir vun hinne léieren?

Dëst Joer hunn d'Organisateuren vum ''Cinema du sud'' dann op den Online-Screening gesat.
Chantal Winandy: Do hu mir eng franséisch Plattform fonnt, déi ''la 25e heure'' heescht an zesumme mat nationale Kinoen, wéi dem Ciné Kuersall Rëmeleng an dem Ciné Waasserhaus zu Munneref, hu mir et fäerdeg bruecht eng Online Editioun ze organiséieren. Dat heescht d'Leit kënne vun doheem aus ganz sécher a bequem d'Filmer kucken an dann nom Film huet een d'Méiglechkeet per Chat mat den Organisateuren, Regisseuren oder Aktivisten sech auszetauschen a sou eng interessanten Owend ze hunn.

De Freideg 24. Juli leeft de Film ''Midnight Traveller'', do geet et ëm eng Famill, déi aus dem Afghanistan geflücht. 3 Joer huet dat gedauert a gouf mam Handy gedréint. De leschte Film gëtt de Freideg den 31. Juli gewisen ''Minga-Stimmen des Widerstands'' an do geet et ëm indigene Communautéiten a Südamerika, déi sech wieren, dass hinnen hiert Land ewech geholl gëtt.

6 Euro kascht et e Film ze kucken, nach emol d'Chantal Winandy:
Chantal Winandy: De Film kucke kann een dann an och un der Diskussioun deelhuelen. An dat Gutt, dass mir mat där Plattform zesumme schaffen an déi et och dësen méiglech mécht dass d’Caramba Kinoen eppes dovunner matkréien an esou an deene schwéieren Zäiten och déi lokal Kinoen ënnerstëtzt kënne ginn.

Fir d'Filmer ze gesinn, klickt op

an op

wéi och op der Facebook-Säit

Sech einfach umellen an da kritt een de Link geschéckt fir de Film ze kucken an eventuell och beim Austausch, Diskussioun oder Debat derbäi sinn.

Bei dësem Filmfestival mat derbäi sinn: Action Solidarité Tiers Monde (ASTM), Aide à l’Enfance de l’Inde et du Népal (AEIN), Aide internationale de la Croix-Rouge luxembourgeoise, Les Amis du Tibet Luxembourg, ATTAC Luxembourg, Comité pour une Paix Juste au Proche Orient (CPJPO), Fondation Chrëschte mam Sahel, Fondation Follereau, Fondation Partage Luxembourg, Frères des Hommes, Iles de Paix, Kindernothilfe Luxembourg, Klima-Bündnis Lëtzebuerg, ONGD-FNEL, SOS Faim an SOS Villages d’Enfants Monde.