Haut maache mer en Tour duerch déi wonnerschéin kleng Lëtzebuerger Schwäiz, mat hiren Hielen a Fielseformatiounen.

14/07/2020 Vakanz Doheem: De Mëllerdall

An der grousser Vakanz mellt RTL Tëlee Lëtzebuerg sech all Dag vun enger anerer flotter Plaz zu Lëtzebuerg. Gëschter hu mer an der Alstad ugefaangen, haut geet et an den Osten vum Land, an dee schéine Mëllerdall.  D'Rita Stoque vum Hotel Le Cigalon ass net nëmmen do opgewuess, mä och schonn do op d'Welt komm. Si ass faszinéiert vun hirer Heemecht:

14/07/2020 Vakanz Doheem: Mëllerdall 1

© Pixabay

De Mëllerdall kann een zu Fouss kenneléieren, awer och um Vëlo. Ganz bekannt ass de Mullerthal Trail:

14/07/2020 Vakanz Doheem: Mëllerdall 2

Et kann ee sech also alles organiséiere wéi ee grad Loscht huet, fir sech extra Zäit ze loossen, fir déi schéi Géigend vun eisem Land ze entdecken. D'Bagagen kritt een esouguer nobruecht. Am Tourist Center op der Heringer Millen gëtt engem gäre weider gehollef:

14/07/2020 Vakanz Doheem: Mëllerdall 3

Näischt ewéi lass an de Mëllerdall!
A nom Journal vu 19 Auer gesitt Der dee wonnerschéine Mëllerdall um 14. Juli 2020 op RTL Tëlee Lëtzebuerg. Mam Mullerthal Trail, den Hielen an dem Aquatower zu Bäerdref.

© Pixabay