Um Escher Gaalgebierg gëtt et deen eenzegen ëffentlechen Déierepark vum Grand-Duché. Wärend der Pandemie war et do natierlech och méi roueg ma an Tëschenzäit leeft et erëm quasi normal an d'gratis Fuddertute fir d'Déiere sinn och erëm do. Nieft dem Bamhaus-Café bitt de Park och 3 Bamhaiser an deenen een eng éischter aussergewéinlech Nuecht verbrénge kann.

15/07/2020 Camping a Co: Bamhaiser zu Esch

D'Anne Meyers vun der Stad Esch hëlt eis mat an déi 3 Hütten, woubäi Hütt villäicht liicht ënnerdriwwen ass, esou huet all Bamhaus säin eegent Thema.

Déi 3 Personnagen heesche Maisy, Mia Morilla an Dr. Dachs; dowéinst gesäit dann och all eenzelt Bamhaus aneschters aus. Dem Dr. Dachs säin Doheem ass zum Beispill eng Grëtz méi chic ageriicht.

D'Bamhaiser an der Minettemetropole hu séier wéineg mat de selwer gebauten Hütten aus der eegener Jugend ze dinn, op Confort gouf net verzicht.

An de Bamhaiser gëtt et Bettgedecks, et huet ee seng Buedzëmmer an eng Toilette, kachen ass aus Sécherheetsgrënn net erlaabt, dofir kann ee Kierf mat regionale Produkter bestellen.

Elo fir de Summer sinn d'Haiser gutt beluecht, vu September u sinn d'Disponibilitéite méi grouss, ma och an den anere Joreszäiten ass de Gaalgebierg en Trip wäert.

D'Haiser kritt een d'ganzt Joer ze buchen, et muss net ëmmer Summer sinn, de Wanter, respektiv en Dag am Reen, huet säi ganz eegene Charme an en Donnerwieder ass och kee Problem.

A wat kascht de Spaass?

Bei 120 Euro fir zwou Persoune geet et lass. De Präis variéiert mat der Unzuel vun de Leit.

An zum Schluss huet d'Anne Meyers och nach déi eng oder aner Iddi wann engem d'Zäit am Park géing laang ginn.

Besonnesch flott ass en Ausfluch an den Ellergronn mat enger helle Wull Trëppeltier a wien et gäre méi modern hätt ass och séier um Belval.

Donieft ass d'Géigend ronderëm de Gaalgebierg och fir seng wonnerschéi Mountain-Bike-Weeër bekannt. Wien elo Loscht op eng oder zwou Nuechten an engem Bamhaus zu Esch krut;