An der grousser Schoulvakanz wëll d'UP Foundation de Bols vun de Kanner a Jonken an den dach komeschen Zäite fillen. 2018 gouf dës national Bildungsstëftung gegrënnt, an elo mam Projet ''Exprime-toi'', also ''Dréck dech aus'', geet et mam ''TOTO'' duerch d'ganzt Land. Wat derhannert stécht a wéini den TOTO och bei Iech ukënnt, huet d'Marie Gales bei der Directrice vun der UP Foundation Liz Kremer nogefrot.

20/07/2020 TOTO on tour

Den TOTO ass e fréiere Schoulbus hei vir aus Frankräich an genee dee geet op den Tour; nodeems en nees a Stand gesat gouf, rafistoléiert a virun allem en neit Häerz, also en neie Moteur krut. Elo ass en nees wéi nei an dëse Projet fir duerch d'Land ze fueren gouf kuerzfristeg op d'Bee gestallt; mam But fir eben an dëser Coronakris déi Jonk a Kleng ze stäerken an och ze hëllefen sech ze expriméieren, Liz Kremer.
Do ass mol déi ganz Ekipp vun UP, déi derbäi ass a matfiert. An och eng Rei vun Artisten. Wat eis wichteg ass, dat ass dass d'Kanner sech expriméieren duerch d'Kreativitéit a Beweegung, well et ass warscheinlech dat, wat se an de leschte Méint am meeschte vermësst hunn. An dofir setze mir genee op dat, wéi sech beweegen, Konscht a Schreiwen, Musek an nach méi an mir hunn do eng ganz Rei Artisten derbäi, déi genee an deem Domaine schaffen. An den éischte 4 Stied, wou mir hale bleiwen, gëtt de Bus gemoolt, ënnert anerem mam Moler Sascha Di Giambattista.

Alles wat op dëser Tour un Iddien, Wënsch a Projete vun de Kanner a Teenager zesumme kënnt, gëtt an all Stad a Plaz gesammelt a gehalen.
Mir dokumentéieren alles a Bild, Schrëft an Toun an dat alles gëtt an enger Nationaler Ausstellung gewisen, déi ëm den 20. November ass, um Internationalen Dag vun de Kannerrechter an dono gëtt dëst dann eng Wanderausstellung. Fir eis ass et wichteg, dass mir soen, well mir och eng Bildungsstëftung sinn a fir Chancegläichheet stinn, wat brauch e jonke Mënsch fir sech optimal ze entwéckelen an all déi Expressiounsméiglechkeete si wichteg an dat kënne mir dann och ausstellen a mat Experten och de wëssenschaftlechen Hannergrond an déi Wichtegkeet dovunner weisen. Dann ass et och wichteg deen Devoir de Mémoire hunn, wéi 2020 war eben dat Joer mat där Coronakris a weise kënnen: Wat hunn d'Kanner vu Lëtzebuerg dann dozou bäigedroen, wéi hu se sech gefillt, wat sinn hir Gedanken a wat sinn hir Wënsch?

An enger éischter Phase fuere si haut a muer op Betzder, da geet et op Biekerech, op Ettelbréck an dann nach op Esch. Dann ass 3 Woche Paus an duerno geet et weider...op Réimech oder an d'Stad Lëtzebuerg. Den 10. an 11. September komme si am Kannerduerf zu Miersch un.
Weider Informatiounen an de Planning mat den Arrête fannt Dir op der Internetsäit vun der UP Foundation.

Mat der léiwer Ekipp vun UP Foundation sinn eng Rei Kënschtler mat um Tour:
• Sascha Di Giambattista (artiste peintre, performer)
• Paule Lemmer (artiste peintre)
• Alain Welter (artiste peintre)
• Claire Thill (performer & writer)
• David Galassi (musician)
• MAZ [Thomas Faber] (rap)
• Dina Hein – Hartmann (skate)
• Nora Hoffmann (HipHop Dance)
• Bijan Kesseler (BMX)
• Sven Fielitz (football)