En neien Ufank an engem anere Land. Dat wënscht sech dat jonkt Josette vu Wahl, dat am Joer 1828 mat senger Famill a Brasilien auswandere soll. 170 Joer méi spéit kënnt dat klengt Safeta zu Esch un. Hat ass mat senger Mamm Tima aus Montenegro geflücht. D'Geschicht vun deenen zwee Meedercher, déi just op den éischte Bléck net vill mateneen ze dinn hunn, huet de Guy Helminger 2010 a sengem Roman "Neubrasilien" erzielt, den elo bei capybarabooks nei opgeluecht gouf. D'Bea Kneip huet e gelies.  

23/07/2020 Lecture vun heiheem: "Neubrasilien" vum Guy Helminger

Dem Josette säi Papp huet Haus an Haff verkaf fir a Brasilien en neit Liewen unzefänken. Mä wéi si zu Bremen wëllen d'Schëff huelen, kënnt d'Enttäuschung: Et gi keng Awanderer méi gebraucht. D'Famill mécht sech op den Heemwee, mä an der aler Heemecht si si net méi wëllkomm. Zesumme mat aneren Auswanderer loossen si sech zu "Neibrasilien" néier, dem heidege Gréiwels. 
D'Safeta kënnt ausgangs der 1990 Joren zesumme mat sénger Mamm aus dem Montenegro op Esch, wou säi Papp sech schonn néiergelooss hat. Och fir hat soll den Dram net an Erfëllung goen. Béid Geschichten ginn oofwiesselnd erzielt, d'Paralellen si séier kloer. Dass de Guy Helminger ausgerechent zwee jonk Meedercher an de Mëttelpunkt stellt, huet e Grond:Guy Helminger: Dass ech zwou jonk weiblech Figuren an de Mëttelpunkt gestallt hunn, huet ënnerschiddlech Grënn. Ufanks vum 19te Jorhonnert war d'Gesellschaft jo komplett patriarchalesch. Ech hunn et interessant fonnt, fir meng Figur Josette sech net nëmmen duerch d'Ëmstänn vun der Migratioun entwéckelen ze loossen, mä och ze weisen wéi dësen Echec, well se komme jo net a Brasilien un, gesellschaftlech Froen vun hirer Situatioun als Fra opkomme léisst. D'Situatioun an der se stiechen, an déi souwuel Männer wéi Fraen fäerdeg mécht, nivelléiert déi patriarchalesch Strukturen a bidd d'Méiglechkeet vun engem méi gerechten Neiufank vun enger Gesellschaft. D'Josette gëtt also net nëmme méi duerchduecht a selbstsécher, mä et emanzipéiert sech och vis-à-vis vun de virgefäerdegte Rollemodeller. A well mäi Roman jo eng paralell Handlung huet, hunn ech am 20ste Jorhonnert och eng weiblech Haaptfigur gebraucht, wollt awer net nach eng Kéier dat selwecht thematiséieren. An do ass schnell fir mech kloer gewiescht, dass d'Safeta vill méi kleng misst sinn wéi d'Josette, e Schoulkand. Well als erwuesse Persoun wéi seng Elteren déi Asyl froen léiert een zu Lëtzebuerg, oder huet een deemools zu Lëtzebuerg, villäicht ass dat haut anescht, ech mengen zwar net, mä do huet een ëmmer nëmmen aner Lëtzebuerger kennegeléiert iwwert d'Kanner am Fong. Well déi déi Asyl gefrot hunn, déi hu jo net dierfte schaffe goen. Déi hounge meeschtens an hierem Heem oder si spadséiere gaang, mä de Kontakt zu Lëtzebuerger war einfach net ginn. An elo wou si hei e Kand hunn, d'Safeta wat an d'Schoul geet an dann d'Duechter vun enger Lëtzebuerger Famill kenneléiert, doduerch hat ech d'Méiglechkeet am Fong fir Lëtzebuerger a Montenegriner openeen treffen ze loossen. Dat wier soss immens schwéier gewiescht. Also beim Safeta muss ee soen, seng Entwécklung, dat ass elo keng vun der Emanzipatioun, am Sënn dass ee sech erausentwéckelt aus patriarchalesche Strukturen. Hat ass am Fong och vill ze kleng fir doriwwer ze reflektéieren, mä seng Entwécklung ass éischter eng Emanzipatioun vun de Clichéeën déi aner Kanner vis-à-vis vun Neien hunn déi an hir Schoul kommen.    

Ëmmerhin hunn hir Erfahrungen mat der Migratioun och hir positiv Säiten:
Guy Helminger: De Mësserfolleg ass tatsächlech deen, dass a béide Geschichten de Wonsch sech eng nei Heemecht opzebauen net realiséiert ka ginn. Am 19te Jorhonnert ass op eemol kee Schëff méi gefuer dat wollt Migranten mat a Brasilien huelen. An d'Montenegriner am 20ste Jorhonnert ginn no x Joren an de Fliiger gesat an zeréckgeschéckt. An trotzdeem géif ech soen, dass hiert ganzt Liewen, kann een net als Echec bezeechnen. D'Josette a säi Frënd déi wanderen vun Neibrasilien jo iergendwann aus a bauen sech héchstwahrscheinlech, dat thematiséiert de Roman net méi, mä en deit et awer un, en neit Liewen an engem anere Land op. 
A vun de Montenegriner kann ech soen, dass déi Mënschen déi dat Schicksal haten dat ech beschreiwen, also déi dat real erlieft hunn, a bei deenen ech jo war am Montenegro fir hinne Froen ze stellen, dass déi am Fong net nëmmen enttäuscht sinn vun der Zäit, mä gären u Lëtzebuerg zeréckdenken. A souguer grad déi méi jonk déi zu Lëtzebuerg an der Zäit aner Sproochen an der Schoul geléiert hunn, Franséisch, Däitsch, konnten déi an hirem spéidere Beruff gutt gebrauchen. Si wieren natierlech alleguer vill méi frou gewiescht wann en se hei akzeptéiert hätt, wa se hätte kéinte bleiwen, natierlech. Mä si selwer hunn déi 6, heiansdo 7 Joer laang Episod net nëmmen negativ gesinn.  

"Neubrasilien" ass weder preskriptiv nach moraliséierend. Et blieft dem Lieser iwwerlooss wéi eng Conclusiounen  en aus de Paralellen tëscht deenen zwou Geschichten zéie wëllt. An dëser Zäit wou "Vakanz heiheem" e grousst Thema ass, kann ee jo villäicht profitéieren fir op de Spuren vum Josette an der Géigend vum fréiere Neibrasilien spadséieren ze goen, (zu Randschelt gëtt et iwwregens e Meditatiounspad) a sech seng eege Gedanken ze maachen.     

Weider Froen un de Guy Helminger:
Firwat grad elo déi nei Oploo vun "Neubrasilien"?
Guy Helminger: Keen Auteur huet gär wa seng Bicher net méi ze kréie sinn, ech mengen dat versteet sech vum selwen. Ëmsou méi natierlech wann d'Buch, oder an dësem Fall en Extrait dovun, elo um Premièresprogramm vun de Lycées Techniquë steet. Mir hunn als Auteuren, net nëmmen ech, mä anerer och, esou laang drëm gekämpft, dass an de Schoulen endlech och Lëtzebuerger Literatur um Programm soll stoen. An elo ass dat de Fall, an net nëmmen mat "Neubrasilien" an da gëtt et dat Buch net méi, also dat wär schonn e bëssen absurd. An dofir sinn ech Capybarabooks ganz dankbar, dass si déi nei Ausgab vun "Neubrasilien" gemaach hunn. An ech sinn natierlech och dem Script vum Erzéiungsministère dankbar, well si hunn dës Publikatioun ënnerstëtzt.    
"Neubrasilien" ass 2010 fir d'éischt erauskomm. Wéi aktuell ass d'Thema Migratioun haut (ëmmer) nach?
Guy Helminger: D'Migratioun ass, mengen ech, nach méi e wichtegt Thema haut wéi deemools wéi ech dat ganzt recherchéiert hunn.Dat war 2008 an do hate mer déi sougenannte grouss Migrantewell nach net. Et konnt ee spieren, dass et géif lassgoen, dass et e wichtegt Thema géif ginn, mä haut ass dat méi aktuell wéi deemools. Dofir mengen ech ass och dat Buch nach wie vor interessant ze liesen. Es plus ass et esou, dass d'Literatur natierlech d'Méiglechkeet huet, ganz no bei de Mënschen ze sinn. Wann ech elo am Fernseh 10 Sekonnen oder 30 Sekonnen e klenge Reportage gesinn doriwwer wéi vill Migranten iwwert d'Mier kommen, dann ass dat villäicht schnell vergiess. Mä wann ech awer iwwer 400 Säiten un der Säit vu Figurë bleiwen déi leiden, déi Hoffnung hunn, déi sech fréeën, déi stierwen, dann hunn ech als Lieser eng ganz aner Approche un déi Leit. Ech hoffen och, dass dann deen een oder aneren villäicht eng ganz nei Vue op dat abstrakt Thema Migratioun kritt. 

Een Deel vun der Lëtzebuerger geschicht gëtt an "Neubrasilien" erzielt. Neibrasilien ass dat wou elo Gréiwels steet.
Dat ass déi eng Saach, an déi aner Saach ass interessant ze wëssen, dass d'Migratioun net eréischt gëschter ugefaangen huet, an dass et eng Zäit ginn ass an der se am Fong an déi aner Richtung gelaf ass. Dat heescht, d'Leit sinn net bei eis komm, mä mir Lëtzebuerger si bei si gaangen. A villäicht wier et och net schlecht, wa verschidde Leit sech deem géife bewosst ginn. 

Am Verglach zur éischter Oploo sinn d'Nimm vun enger Rei Figurë geännert ginn, firwat ass dat de Fall?
Guy Helminger: Ech hu missten d'Nimm vun alle montenegrinesche Figuren änneren well ech bei der éischter Ausgab schlecht beroode gi war, oder soe mer emol léiwer, et war e Mëssverständnis. Ech hat bei der éischter Ausgab natierlech gefrot, ech hat mech informéiert wéi ech kéint meng Figuren déi aus Trpezi, aus Monetenegro, kommen, wéi ech déi kéint nennen. A fir mech war kloer, déi Leit déi vun do kommen, dat si Muslimen. Mä deejéinegen dee mer d'Nimm sot, huet do net frop opgepasst. A mir as och näischt opgefall. Dobäi hätt et mir missten opfalen, dass en Numm wéi Danilo, am Fong Daniel, oder Aleksandar, dat sinn natierlech keng muslimesch Nimm. Dee Feeler wollt ech an enger neier Ausgab natierlech net méi hunn, an dofir droe meng montenegrinesch Figuren elo aner Nimm.   

"Neubrasilien" vum Guy Helminger ass bei capybarabooks erauskomm. Weider Detailer fannt Dir op rtl.lu an der Rubrik "Bicher".