Maske sollen der Verbreedung vum Coronavirus entgéintwierken. Si verhënneren, datt beim Schwätzen oder Houschten d'Drëpsen an d'Ëmwelt geroden. Eng nei Zort Mask soll dann elo net just d'Verbreedung vum Virus limitéieren, mee souguer de Virus selwer onschiedlech maachen. Wat dohannert stécht, erzielt eis d'Lea Schwartz.

21072020 Nei Maske géint de Coronavirus

Déi nei Maske vun enger Kanadescher Entreprise "i3 BioMedicalInc" si mat engem spezielle Stoff iwwerzunn. De sougenannten Trijodid soll Viren neutraliséieren. Wann zum Beispill Drëpse mam Virus baussen op d'Mask falen, déi mat deem Stoff beschicht ass, ginn d'Membrane vum Virus zerstéiert. Dat heescht e stierft op der Mask ganz séier of. Sou wäit versprécht et den Hiersteller, bis zu 99 Prozent vun de Viren an de Bakterie géifen am Kontakt mat där Mask bannent Minutten ofstierwen.

Dëst gouf  an enger Etüde vun der University of Toronto confirméiert. Och den Infektiounsfuerscher Thomas Jacobs am Interview mam däitsche RTL hält d'Versprieche vun der Entreprise fir realistesch.

Thomas Jacobs: Ich kann mir gut vorstellen, dass diese Masken effektiver sind, als normale Tuchmasken. Es wurde ja auch geschrieben, dass 99,9 Prozent der Viren quasi abgehalten werden. Also ich könnte mir schonn vorstellen, dass man einen sehr guten Schutz durch diese Masken bekommt. Dass sozusagen auch ganz kleine Partikel, die zum Beispill an den Stoff kommen könnten, im Grunde nicht mehr infektiös sind und dann abgetötet werden.

Een Nodeel bei hierkëmmleche Masken ass, datt d'Viren op der Mask selwer kënne sinn. Wa mir eis dann awer an d'Gesicht upaken, d'Mask erëm richt zéien, kéinte Vire vun der Mask op eis Hänn iwwerdroe ginn. Mat deem neie Modell iwwerlieft de Virus net a mir verdeelen en och net mat eisen Hänn an der Géigend oder un eis selwer.

Déi speziell Mask soll et op d'mannst an Däitschland schonn Enn der Woch ze kafe ginn. Si soll 6,50 Euro d'Stéck kaschten an et soll een se och wäschen a méi dacks undoe kënnen. Dëse System ass awer net deen eenzegen, dee versprécht Viren ofzehalen. Aner Entreprise schaffen zum Beispill mat Koffer an de Masken, deen sech selwer desinfizéiere soll.

Thomas Jacobs: Auf der anderen Seite glaube ich, dass normale Schutzmasken dort schonn sehr viel Schutz bietet. Man muss sie halt nur tragen.

Mat der Mask schütze mir virun allem déi Leit ronderëm eis. Och eng Mask, déi de Virus onschiedlech mécht, ka keng 100 prozenteg Sécherheet virun enger Infektioun garantéieren. Drëpse kënnen trotz Wonnermask awer an d'Aen kommen an d'Aerosole ginn sou wéi bei all anerer Mask och an de Säiten duerch. Och bei der Neier muss een sech nach un aner Gesten hale fir de Risiko vun enger Infektioun kleng ze halen. Dozou zielt wa méiglech Ofstand halen an sech d'Hänn reegelméisseg ze wäschen.