Dës Woch geet an de Kiischpelt. An der Gemeng déi 2006 aus enger Fusioun vun de Gemenge Wëlwerwolz a Kautebaach ervir gaangen ass, fënnt een d'Dierfchen Äischer mat der Rackésmillen, eng Waassermillen déi zënter 1824 hir Ronnen dréint an de Camping Val d'Or, dee vun dësem Joer un eng ganz speziell Iwwernuechtungsméiglechkeet bitt.

22/07/2020 Camping a Co.: Wäifaass zu Äischer

Ier mir bei déi kommen, maache mir mam Liesbeth van Berkum e klenge virtuellen Tour iwwert de Site.

Mir hunn e rouege Camping am Norde vum Land. Et kann ee vill spadséieren a mam Vëlo fueren. Am ganze ginn et 40 Stellplazen a 40 aner Méiglechkeete fir z'iwwernuechten.

Nei, vun dësem Joer un, um Camping Val d'Or si Wäifässer an deenen ee sech e puer gemittlech Deeg zu Äischer maache kann.

An deene 6 Meter grousse Fässer aus Holz gëtt et een Duebelbett an 2 Canapéen, déi och also Bett ëmgebaut kënne ginn, et kann een also zu 4 an de Fässer schlofen. Et fënnt een Bettgezei an Handdicher grad ewéi e klenge Grill. D'Fässer sti beim Waasser an op der eegener Terrasse kann een e ganz schéinen, rouege Moment verbréngen.

D'Wäifaass kann ee souguer am Wanter lounen, de Camping un der Klierf ass nämlech dat ganzt Joer iwwer op.

Et gi vill Leit déi och am Wanter eng roueg Vakanz maache wëllen. Eis Hütten an d'Fässer sinn dann och op, allerdéngs ouni Waasser, do mussen d'Gäscht dann op de Sanitär zeréckgräifen.

A wann een da säi Wäifaass gelount huet, weess d'Liesbeth och wat een onbedéngt kucke goe soll.

Nëmmen 10 Kilometer wäit ewech läit Klierf mam Schlass an der Ausstellung Family of Man.

Wéinst de Restriktioune fir ze reesen duerch d'Pandemie sinn d'Campingen hei am Land gutt besicht an och zu Äischer mierkt een dat vill Residente kommen.

Wärend dem Lockdown hu sech ganz vill Lëtzebuerger bei eis gemellt fir hei Vakanz ze maachen a mir sinn och ganz frou mat de Lëtzebuerger.

Eng Nuecht, oder villäicht déi eng oder aner méi, am Wäifaass ass also an der Gemeng Kiischpelt méiglech