Hénkel, e klengt Dierfchen mat grad mol 84 Awunner an der Gemeng Rouspert-Mompech, ass vläicht ville vun eis éischter onbekannt. An dobäi verstoppt sech hei e Matchbox Musée, deen all Frënd vun deene klengen Autoen aus der Fixfeierskescht sollt gesinn hunn! D'Nicky Soisson ass fir eis bis dohinner gefuer an huet sech mam Proprietär vum Musée ënnerhalen. 

04082020 Summeragenda Matchbox Musee

Well vu baussen ass de Matchbox Musée onverkennbar. Eng al, rout englesch Telefonskabinn weist engem de Wee eran. Wann ee da bis dobannen ass, dann ass een esou iwwerwältegt vun deem wat et do ze kucke gëtt, dass een am Ufank net weess, ob wat ee fir d'éischt säi Bléck riichte soll.

Ech si beim Jang Birsens doheem. Säit 1980 sammelt hie well Matchbox Autoen. Dobäi handelt et sech haaptsächlech ëm brittesch Marke wéi Early Lesney, Regular Wheels, Models of Yesteryear, Major Packs, King-Size an Accessory Packs. Och eng sëllege Raritéite sinn hei ze fanne sou wéi Matchbox Spiller, Resellerboxen déi nach net op waren a villes méi, Jang Birsens:

Hei fannt dir Matchbox Autoen, vun Ufank bis elo, also vun 1947 bis 2020 an och Blechdouse vu menger Fra. Et ass eng Matchbox souzesoen. De Numm seet et jo schonn, Fixfeierskëscht, eng Matchbox mat Këschten a Kunterbunt. 

Wéi vill vun eis huet de Jang Birsens well als Kand mat Matchbox a Siku Autoen um Teppech an der Stuff  gespillt. An domat huet dann och seng Passioun zu den Autoen aus der Fixfeierskescht ugefaangen:

Mir si 5 Bridder, ech sinn deen 2. Jéngsten. Ech hunn dann de Schrott kritt vu mengen 3 eelste Bridder. A wann ech da mol en Auto kritt hunn, da war ech frou an dann hunn ech deen an d'Täsch gestach. Dat war viru 40 Joer, do huet dat da sou lues a lues ugefaangen. Ech hu mer se dann ëmmer an d'Këscht gemaach, a jo, wou et du fäerdeg war ass dat heiten draus ginn.

Eng Leidenschaft déi ee richteg spiert, wann de Jang engem alles weist an erkläert an domat dëse klenge Musée sou richteg eenzegaarteg mécht. 

Lues a lues ass de Musée ëmmer méi grouss ginn an esou fënnt een haut op 2 Stäck eng riseg Kollektioun, déi eegenen Aussoen no, wuel déi eenzeg vun deem Ausmooss a ganz Europa ass. Ongeféier 95% vu senger Matchbox-Sammlung ass a neiwäertegem Zoustand. Ganz vill Wäert leet de Jang och dorobber, dass seng Sammlung mat den original Këschten ass.  

E Besuch an der Villa Kunterbunt, wéi de Jang säi Musée och nach gäre nennt, ass definitiv derwäert!

Also am Moment leeft et op Rendez-vous, wéinst dem Corona eben. Am beschten uruffen ënnert dem 621 181 115 oder op Google mäin Numm Birsens Jang aginn oder och Matchbox Musée Hénkel, do fënnt ee mech och.

Den Entrée ass iwwregens gratis!