Schwätzt ee vun Lëtzebuerger Modelen, da kënnt ee net ëm déi 35 Joer jonk Fra mat de laangen blonden Hoer. D'Sonia Gleis wunnt schonn zanter villen Joren zu Paräis, ma si verbënnt awer ganz vill mat hirer Heemecht Lëtzebuerg an benotzt net nëmmen déi sozial Medien fir sech an hir Fotoen no baussen ze presentéieren, mee och fir mat hirer Famill an hire Frënn hei zu Lëtzebuerg a Kontakt ze bleiwen. Ma leider mécht si als Model net nëmmen positiv Erfarungen op de soziale Medien.

31/07/2020 Social Media Perséinlechkeeten: Sonia Gleis

Mat knapp mol 14 Joer gouf d'Sonia Gleis entdeckt a si féiert zanter deem e Liewen, vun deem vill jonk Meedercher hautdesdaags dreemen. Si verdéngt hir Suen duerch d'Modelen an ass dofir scho ronderëm déi ganz Welt geflunn. Gouf een deemools nach op der Strooss ugeschwat, leeft haut de Business virun allem iwwert déi sozialen Medien. Wat ee méi gesinn gëtt, wat besser. Si erënnert sech nach gutt, wéi hir Agence si drop ugeschwat huet, fir och op de sozialen Medien aktiv ze ginn. Ma am Ufank huet hir Fanpage awer virun allem eppes gedéngt. Nämlech fir mat hirer Famill a Kontakt ze bleiwen. Fréier gouf et nach kee Whats App oder soss en Messenger, wou et net ze deier war, fir aus dem Ausland sech ze mëllen.

A mat hiren éischten virtuellen Schrëtt, krut si leider och zimlech séier déi negativ Säiten vun de sozialen Medien ze spieren. Sief et op Facebook oder op Instagram, wou si dach all ze dacks ganz intim Fotoen geschéckt kritt. Dat wier scho ganz speziell an et géign leider ëmmer méi dacks virkommen.  An och mat der Presse huet si leider scho missen negativ Erfarungen maachen, déi dann Fotoen vun hiren soziale Medien klauen an se mat enger falscher Geschicht hannendrunner verëffentlechen.

Et wieren Momenter, wou si sech dann dach mol géing eescht Gedanken driwwer maachen, ob si weiderhin op de soziale Medien wéilt bleiwen. Ma hautdesdaags misst ee sech bewosst sinn, dass et einfach dozou, erklärt eis d'Sonia Gleis. Als Mannequin misst ee sech bewosst sinn, dass een an der Ëffentlechkeet steet an do misst ee sech mat der Zäit en décke Pelz uleeën.

Ma si kritt awer och ganz dacks positiven Feedback an gëtt vun jonken Meedercher ugeschriwwen, déi gären, genee wéi si, Model wëlle ginn. Si freet sech all kéiers doriwwer an ass frou hinnen e puer Tipps mat op de Wee ze ginn an hinnen och kloer ze maachen, dass d'Realitéit vun engem Mannequin haart Aarbecht bedeit.