Wousst Dir, dass et am Weste vun eisem Land, méi prezis zu Uewermaartel, Schifergrouwe ginn an deenen nach bis 1986 geschafft gouf? Haut ass dee riseg grousse Site dem Public zougänglech an iwwert de Summer lafen do och eng sëllegen Aktivitéiten of. D'Nicky Soisson war sech informéieren a stellt eis hier Aktivitéite vir.

06/08/2020 Summeragenda Schifermusee Uewermartel

Déi éischt Grouwe ware kleng Familljebetriber, déi sech no 1790 an der Géigend vun Uewermaartel niddergelooss hu fir ënnerierdesch de Schifer ofzebauen. Mat Hummer a Péckel gouf de Fiels lass geschloen an d’Bléck vu 70-120kg um Réck iwwer Trapen a Leederen erop un d’Liicht gedroen. Ëm 1890 hunn déi däitsch „Gebrüder Rother“ all kleng Schiferbetriiber opkaaft. Esou waren ëm déi 600 Leekëpperten um Site beschäftegt. Ab 1960 koum dunn awer lues a lues den Zesummebroch vun der Schiferindustrie well nei Materialien aus dem Ausland komm sinn. 1986 gouf déi lescht lëtzebuergesch Schifergrouf dunn zougemaach.

Ëm 1992 hunn d’Frënn vun der Lee asbl sech de Projet zu Häerze geholl an hunn de Site rëm lues a lues opgebaut fir en dem Grand Public zougänglech ze maachen. Säit Enn 2018 huet d’Musée de l’Ardoise asbl d’Verwaltung vum Site iwwerholl an déi organiséiert elo de Summer iwwer mam ORT Guttland an ORT Eisléck eng Rei Aktivitéite fir Grouss a Kleng. Ugefaange mat de guidéierte Visitten. D'Mireille Freichel, Chargée de tourisme vum Musée de l'Ardoise zu Uewermaartel, erkläert:

All Mëttwoch an all Sonnden hu mir eng visite guidée déi Iech d'Sägewerk weist, d'Spalthaus wou Dir eben demonstréiert kritt wéi een de Schifer opspalt, wéi een d'Daachleeë moolt an erausschneit. Da kritt Dir e Promotiounsvideo gewisen vun 1938 an Dir gitt natierlech an de Souterrain wou Dir wierklech gesitt wéi de Schifer hei ofgebaut gouf.

Dënschdes Nomëtte gëtt et dann och nach eng ganz flott Aktivitéit ënnert dem Numm "D'Fliedermaartelmaus" fir Kanner tëscht 8 an 12 Joer :

Do kréien si eng kleng Geschicht erzielt, dono gi se an de Souterrain an entdecken d'Rätsel vun der Geschicht an natierlech feelt de kreativen Deel och net wou si selwer eng Lee kënne gravéieren an dekoréieren.

Weider geet et Mëttwochs Nomëttes mat engem Stenceling Atelier fir Kanner a Jugendlecher tëscht 10 a 16 Joer wou et drëms geet mat enger Aart Airbrush op de Schifer ze sprayen an esou seng Lee ze personaliséieren.

Donneschdes Moies däerfen da nieft de Kanner och déi Erwuessen un d'Wierk dat an engem Atelier wou ee no enger kuerzer Introduktioun zum Schifersteen léiert dëse Steen ze gravéieren.

A Freides ass e flotte Programm fir déi ganz Famill mat Kanner ab 4 Joer wou een de ganze Wee vum Schifer, vu sengem Ofbau bis zum fäerdege Produit kenneléiert. D'Aarbecht vum Leekëppert gëtt gewisen an dono dierf da jidderee senger Kreativitéit an engem Schiferatelier fräie Laf loossen.

De Programm ass deemno gutt gefëllt an et ass definitiv derwäert mol en Tuer op Uewermaartel an de Musée maachen ze goen. Och fir Maisons Relais'en a Gruppe ginn et Offeren. Ma egal ob privat oder als Grupp, Corona bedéngt ass eng Umeldung am Viraus néideg:

Am beschte schreift Dir eis einfach eng E-Mail op info@ardoise.lu oder Dir rufft eis un um 23 640 141.

All Informatioune ronderëm de Musée de l'Ardoise ginn et hei: