Lafe goen - eng Aktivitéit déi vill a gäre gemaach gëtt. Virun allem bei schéinem Wieder maache vill Leit gären hire Sport dobaussen. An der Grupp mécht dat awer sécherlech méi Spaass wéi eleng a wann een dat dann och nach an enger flotter Ekipp maache kann, mat där een déi schéinst Plazen vun eiser Haaptstad entdecke kann, dann ass d'Freed um Sport direkt well vill méi grouss. Dat hu sech och 4 Frënn geduecht an hunn esou Fatbetty.Run an d'Liewe geruff, Nicky Soisson.

29072020 Summeragenda fatbetty run

Wéi den Numm et well duerchblécke léist, geet et hei am d'Lafen. FatBetty.Run, dat sinn, à la base, 4 geckeg a passionéiert Leefer: den Dan, den Yves, de Stéphane an de Guido. All Donneschden Owend treffe sech déi 4  um 18h45 am Independant Café an der Stad fir vun do aus zesummen ze lafen. Eleng lafen ass awer séier langweileg, dofir hunn d'Jonge sech 2017 geduecht, eng Lafekipp an d'Liewen ze ruffen an esou ass Fatbetty.Run entstanen. D'Iddi ass et, jidderengem dee Freed um Lafen huet, d'Méiglechkeet ze bidden, dat zesummen an enger flotter Ekipp ze maachen. D'Ziel ass et virun allem, Sport a Spaass matenaner ze kombinéieren an esou muss een och keen Héichleeschtungssportler si fir sech unzeschléissen, Yves Mentz:

Et kritt jiddereen eng Chance. Et gëtt iergendwou ëmmer eng Méiglechkeet fir erop ze kommen, dat heescht d'Grupp deelt sech do, déi eng lafen dann de Bierg erop an déi aner huelen eben den anere Wee, de Lift oder de Funiculaire oder...Also, erop komme mer ëmmer an erof och meeschtens.

E Minimum un Ausdauer wier awer trotzdeem net vu Muttwëll, Dan Thuy:

10 Kilometer an enger Stonn, dat ass scho gutt fir dass du de Spaass beim Lafen hues. Mir maachen och ëmmer erëm Pausen wou déi déi e bëssi hannendra sinn och ëmmer erëm bäikommen a mir maachen och Fotospausen. Mee 10 Kilometer an enger Stonn ass awer schonn dat wat mir de Leit roden, dass ee soll kënne packe fir de Spaass ze hunn. 

De Succès vu FatBetty.Run ass mëttlerweil scho richteg grouss, sou dass et net rar ass, dass een Donneschdes owes alt mol op e Grupp vu 50 motivéierte Leefer an der Stad untreffe kann. Elo an Zäite vun der sanitärer Kris, ass dat awer fir déi 4 Grënner éischter suboptimal an dowéinst hu si ëmdisponéiert, Guido Kröger:

Mir haten elo immense Succès no deem Lockdown wou mir erëm ugefaangen hu mam lafen. Mir hunn elo awer d'Gefill, dass et einfach wierklech de falsche Moment ass mat esou vill Leit duerch d'Stad ze lafen an iwwerhaapt esou vill Leit zesummen ze lafen, dofir hu mir et erëm zréck op d'virtuell lafe gemaach, dat heescht d'Leit kënnen all Donneschde vu Moies bis Owes fir sech iergendwou lafe goen, mee mir maachen de Moment kee FatBetty.Run dee vum Independant Café lassgeet.

Dir fannt d'Grupp op Facebook wou Dir och suivéiere kënnt, wéini et erëm an der Grupp lassgoe wäert.

Ah jo, dat déckt Betty huet iwwregens näischt mat FatBetty.Run ze dinn!  Wou deen Numm hierkënnt, erklären d'Grënner vun dëser Lafgrupp iech awer bestëmmt gären eng Kéier bei engem "After Run" Patt no der Corona Zäit ;).

oder op Facebook ënnert