Wat hunn Duerf Koler an d'Kulturhaus Rotonden gemeinsam? De Street Art Kënschtler Alain Welter. Zwou Plazen wou ee schlecht laanscht seng Graffitien kënnt. Ma zanter kuerzem schafft hien un engem neie grousse Projet. Déi 5 Killtierm um Site vun der Arcelor Mittal zu Déifferdeng ginn nämlech och elo duerch seng Hand verschéinert, Marie Gales.

31/07/2020 De Graffiti Kënschtler Alain Welter zu Déifferdeng

Den Alain Welter ass gewinnt grouss Surfacen ze bemolen. De Graffiti Kënschtler hëlt gären Erausfuerderungen un. D’Commande koum vun der Gemeng Déifferdeng an doropshin huet den Alain Welter Skizzen preparéiert fir déi der Arcelor virzestellen. Di 5 grouss Tierm bidden vill Surface fir thematesch ze schaffen, an esou ass de Kënschtler natierlech net laanscht d’Geschicht vum „Minett“ komm. Op der Bréck vum Contournement, mat vue op d´Tierm, erkläert den Alain Welter wei hien sech mat deem Thema befaasst huet.
Duerch seng Erfarungen aus de leschte Joren ass den Alain Welter mëttlerweil gewinnt grouss ze schaffen. D´Héischt an d´Form vun de Killtierm bréngen awer trotzdeem nei Erausfuerderungen mat sech. Ma deenen stellt hien sech awer gären, well de Reiz an d´Loscht de Projet ze realiséieren immens grouss ass.

De 27 Joer jonken Artiste huet di éischte Kéier mat sengem ambitiéise Projet „Make Koler cooler“ opmierksam gemaach. Hei huet hien säin Heemechtsduerf Koler mat enger rëtsch Graffitien duerch Duerf verdeelt verschéinert. E Projet deen him vill Visibilitéit hei am Land ginn huet.

Di grouss Surfacen vun de Killtierm loossen der Kreativitéit vill Spillraum. Ma virun allem fuerderen se awer och vill Faarf.
Bis viraussiichtlech September schafft de Kënschtler nach u senge 5 Tierm an wann dat grousst Wierk da fäerdeg ass, dann huet den Alain Welter och zu Déifferdeng seng Handschrëft hannerlooss.