An Däitschland gëtt zanter 1979 d' "Spiel des Jahres" gewielt. Mat deem Präis gi Kaarten a Gesellschaftsspiller ausgezeechent, déi frësch op de Marché komm sinn. D'Spill vun dësem Joer heescht "Pictures" an dorunner huet och e Lëtzebuerger matgeschafft.

31/07/2020 Spiel des Jahres: de Philippe Schmit iwwer Pictures 17h15

De Philippe Schmit lieft zënter 2015 zu Hamburg a schafft elo méi wéi ee Joer beim PD-Verlag. Hien erkläert mol selwer, wat säi Beruff ass:

"Ech sinn do Redakter fir Brietspiller. Dat heescht am Fong, dass mir dat selwecht maachen wéi bei engem Buchverlag mat engem Buch. Et ass esou, dass et Auteure gëtt, déi erfannen Spiller an déi schécken eis dann hir Iddien an do kënne mir dann dorausser e Produkt maachen dee Spaass mécht, dee sech gutt verkeeft a wa mir decidéieren dass dat esou ass, da maache mir aus deem Prototyp dee mer da vun deem Auteur kritt hunn dann e fäerdegt Spill."

De PD-Verlag, dat si 5 Leit. Dobäi kommen dann nach alleguerten déi Leit déi d'Spill herno testen. Spill-Iddien ginn et der genuch. Méi, wéi der am Endeffekt kënnen ëmgesat ginn.

"Mir maachen sou am Schnëtt zwee Spiller am Joer. Dat ass e Pensum dee mer nach gutt packen. Et muss jo schliisslech vill getest, vill gespillt ginn. Kënne mer dat nach verbesseren oder ass dat nach gutt genuch? Duerfir si mer da mat zwee Spiller ënnerwee."

Fir d'Spill Pictures war et dann dës Kéier d'Auszeechnung vum "Spiel des Jahres". E Spill wat dem Philippe Schmit no séier erkläert ass:

© PD-Verlag

"Mir hunn do 16 Fotoen ausleien a jiddereen dee matspillt kritt ee Material-Set. Do gëtt et dann eben sou Bauklötze, Stock und Stein, Ficellen a Kaarte mat Symboler drop a kleng faarweg Wierfel.  Mat deem Material wat de Spiller kritt huet, domat muss een dann eng vun deene Fotoen nobauen. An zwar esou dass déi aner erroden wat ee gebaut huet. Dat kann et also sinn, dass de mat de Ficellen muss e Camion nobauen."

Ze erkennen ass d'Spiel des Jahres um rouden Däppchen vir op der Këscht. Et ass déi gréissten Auszeechnung déi een an där Branche kréie kann.

"Dee Präis huet sech tatsächlech och weltwäit etabléiert als mat dee wichtegste Präis deen et an der Branche gëtt. Dat ass schonn eng riseg Auszeechnung fir eis."

Et war fir de Philippe Schmit selwer awer net fir d'éischte Kéier dass en d'Auszeechnung Spiel des Jahres krut. 2018 wéi en nach bei engem anere Verlag geschafft huet, gouf et de Präis fir d'Spill "Azul". An awer ass et all Joer nees e spannende Moment ënnert den 3 Nominéierten

"Et ass ëmmer eng grouss Iwwerraschung, well d'Jury gëtt sech do all Méi ëmmer tipptopp Spiller erauszesichen. D'Chance dass een do gewënnt, wann een da bis nominéiert ass, wat eben och schonn zimmlech onwarscheinlech ass, ass dann ëmmer 33 Prozent. Do sëtzt een genau sou op Kuelen wéi déi zwou aner Equippen déi nominéiert sinn a vun dohier ass et eng riseg Iwwerraschung wa se dann dat Duch falen loossen fir ze gesinn wéi e Spill et dann ass."

De Philippe Schmit schafft als Spiele-Redakteur zu Hamburg weider un neie Projeten an der Hoffnung dass dëst net déi lescht Auszeechnung war.