Kaze liewen hiert eegent Liewen an hu meeschtens net esou eng enk Relatioun zu de Mënschen, ewéi dat zum Beispill bäi de Muppen de Fall ass. Ma wisou ass dat iwwerhaapt esou? Eng Rei Fuerscher sinn deem mol nogaangen, Max Richartz.

30/07/2020 Vun der Wëllkaz zu der Hauskaz

Déi meescht Kazen hunn et gären, e bësse verwinnt a getriwwelt ze ginn. Ma hir Stëmmung kann sech awer och vun engem Ament op den anere änneren. Aus der verschmuste Véierbeener kann da séier emol eng granzeg Diva ginn.

Schonn s hir Virfahre waren net esou un d'Mënsche gebonnen, wéi aner Hausdéieren. Dorobber deit d'Ënnersichung vu 6200 bis 4300 Joer ale Kazefossilien hin, déi am Süde vu Polen ausgegruewe goufen. Déieren aus dem Noen Oste sinn deemools warscheinlech de Leit nogaangen, déi an der Landwirtschaft geschafft hunn, fir vun hinne mol dat eent oder anert opzerafen. Ma se wieren awer och nach selwer dobaussen op d'Juegd gaangen, soen d'Fuerscher vun der Nikolaus-Kopernikus-Universitéit zu Torun a Polen. Och haut ginn et nach Kazen, déi an der Natur liewen, ewéi zum Beispill déi europäesch Wëllkaz. Ma net nëmmen un de méi spatzen Oueren an dem stompege Schwanz erkennt een déi, mee och nach un enger Réi aneren Eegenschaften, wéi eis d'Veterinärin Romi Roth verroden huet.

„Ech wëll Kaz léisst sech absolut net approchéieren. Et soll een déi Déiere loossen, well se loossen sech net zeemen. Se gesinn och wierklech aneschters aus. Se hunn eng getigert Zeechnung, mee eng vill méi verwäschen. Da sinn se vill méi grouss. D'Kuederen hunn eng Schëllerhéicht vu 40 Zentimeter. Dat ass schonn enorm. Se sinn och bësse méi breet.“

Deemno soll en, wann een eng Wëllkaz fënnt, se op kee Fall upaken. Och haut liewe vill Hauskazen zwee verschidde Liewen. Op der enger Säit sinn se déi typesch Hauskaz, déi doheem op der Couche läit an sech verwinne léisst. Op der anerer Säit schläicht se awer och gären dobaussen duerch d'Hecke fir d'Méis ze joen. Ma verschidde Leit loossen hir Kaze guer net eraus.

„Eng reng Hauskaz ass esou gutt ze akzeptéieren, wéi aner Déieren, déi eben vun hirer Wëllform an eng ganz domestikéiert Form komm sinn an eben dann och zimmlech liicht akzeptéieren Doheem gehalen ze ginn. Et ass och diskutabel ee Goldfësch am Aquarium ze halen, en Hond un der Léngt duerch de Bësch ze féieren, wéi et jo och bäi verschiddenen Hënn virgeschriwwen ass.“

Och wann eng Kaz léiwer eleng wier, méi wéi en Hond, wier se trotzdeem ëmmer frou fir nei Kaze kennenzeléieren.
De Fuerschungsstand vun haut gesäit esou aus, datt eis Hauskaze vun der afrikanescher Wëllkaz ofstamen. Un Hand vu geneteschen Analyse wier bal keen Ënnerscheed tëscht den zwou Kazenaarten ze erkennen. Ausserdeem hunn d'Fuerscher mat intakte Schankekollagen erausfonnt, dat d'Ernärung vun de Kazen deemools nach ganz anescht ausgesinn huet. Fréier hätten se, genee wéi déi europäesch Wëllkaz virun allem am Fräien Déiere gejot. An der Jongsteenzäit wieren d'Kazen deemno nach keng richteg integréiert Hausdéiere gewiescht. Dat ass elo nawell aneschters.