Virun allem am Summer hu mer mat ëm ze kämpfen: dem Schweess. E kënnt wann et eis ze waarm ass a mir musse vill drénke wa mer schweessen, soss dréchne mer aus. Dat si banal Saachen, déi kenne mer all. Et kann awer och sinn, dass dir villes iwwert de Schweess wësst, dat komplett falsch ass. Jeff Rossler

31/07/2020 Wat een alles iwwert Schweess ka wëssen!

De Schweess huet mat ville Klischeeën ze kämpfen, sou heescht et dacks, dass Schweess net gutt géing richen. Dat ass just hallef wouer. Schweess ass zum gréissten Deel Waasser an et richt een en net. Wierklech richen deet en eréischt, wann e méi laang op enger Uewerfläch bleift. Do gi Bakterie produzéiert a suerge fir de Schweess-Gestank. Deo ass do meeschtens och just eng temporär Léisung fir de Geroch ze iwwerdecken. Am beschten spréngt een einfach an d'Dusch a wäscht sech de Schweess fort. Et ginn och 2 Zorte vu Schweess. Wann engem grad net ze waarm ass, kann et sinn, dass ee vu Stress schweesst. Wärend bei der enger Zort, de Schweess verdonst fir eis ofzekillen, funktionéiert de Stress-Schweess e bëssen anescht. Dr. Nico Haas.

Dr. Nico Haas:
Do ass just de Géigendeel. Do gëtt et keng Waasser Dilatatioun, mee eng Waasser Konstruktioun. Do gëtt d'Blutt iwwerall dohinner gedréckt, do wou een et wierklech braucht: Op d'Muskelen, d'Häerz, d'Pupill geet grouss op, fir dass ee sou vill wéi méiglech gesäit. Et brauch ee jo net prezis ze gesinn wann een Angscht huet. Dat ass en anere Prinzip.

Dacks gëtt och behaapt, dass een net esou fit ass, wann ee beim Sport vill schweesst. Do ass genee de Géigendeel de Fall. Wann ee méi performant ass, trainéiert ee méi. Dowéinst muss de Kierper da méi schweessen, fir d'Temperatur ze regléieren. Et ginn awer och nach aner Grënn, firwat e Mënsch méi oder manner schweesst.

Dr. Nico Haas:
Et hänkt dovunner of ob du e Mann oder eng Fra bass. Wann du Sport mëss, da schweesst de Mann éischter wéi d'Fra. Ob dat elo bedéngt ass, duerch d'Muskelmasse oder duerch aner Phenomener. Da kënnt nach dobäi, dass wann du eppes zou dir hëls, wat eng Waasser Dilatatioun mëscht, verléiers du doduerch Kalorien.

Hei och nach eng schlecht Noriicht fir d'Leit déi duerch d'Schweessen ofhuele wëllen: Et verléiert een zwar Gewiicht duerch d'Schweessen, mee dat ass och just well mer Kierperflëssegkeet verléieren. Soubal een en rëm bësse Waasser drénkt, huet een dat Gewiicht zeréck. De Schweess hëlleft nëmme beim ofhuelen, wann ee sech méi beweegt an z.B. duerch Sport an d'Schweesse kennt, mee méi net. Et hëlleft och net beim Schweessen eppes Kales ze drénken. Et géif ee mengen, dat killt een of mee den Effekt ass nawell e bëssen anescht, sou den Dr. Nico Haas.

Dr. Nico Haas:

Dat gëtt e gutt Gefill, ne? Mee wann du bei Hëtzt och nach waarm ëss, da bréngs du jo nach eng Kéier Hëtzt an de Kierper, da muss ee méi schweessen. Oder wann du bei Hëtzt schonn e bësse Schweess an drénks dann e Glas Alkohol, da schweess du méi.

Wee mengt, dass déi meescht Schweessdrüsen ënnert den Äerm leien, well een de Schweess do am dackste gesäit, dee läit och falsch! Ënnert den Äerm si just ronn 120 bis 160 Schweessdrüsen pro Quadratzentimeter. Op den Handflächen sinn et der 360 an un de Fousssuelen souguer 370 Stéck.