No de Bamhaiser an de Wäifässer geet et dës Woch an den Hotel. Am Stater Quartier Bouneweg huet am Juni dëst Joer de Graace Hotel seng Dieren opgemaach. De Mann hannert dem Konzept, de Steve Krack, kennt een anerem duerch de Pop-Up-Café Brigitte deen och ënnert senger Regie entstanen ass. Da maache mir Vakanz an der Stad.

29/07/2020 Camping a Co.: Graace Hotel

De Steve Krack ass an den Immobilien doheem a mat ausgefalene Konzepter probéiert hien d'Lëtzebuerg op d'Landkaart vun den innovativen Immobiliekonzepter ze kréien. Mam Hotel Graace zu Bouneweg misst dat klappen.

29/07/2020 Graace d'Geschicht

Jo a wéi ass dat dann haut?

29/07/2020 Graace wat erwaart een

D'Konzeptioun vun den Zëmmer sinn op eegen Erfarungen zeréck ze féieren; de Steve Krack stéiert sech nämlech un Hotelszëmmer an deene sech alles ëm d'Bett dréint. Wann een also am Graace Hotel an en Zëmmer erakënnt.

29/07/2020 Graace d'Zëmmeren

Den Hotel läit wuel an der Stad, ma d'Hektik an de Kaméidi kënnen awer séier ausgeblent ginn. Fir de Steve ass Bouneweg souwisou eppes ganz Besonnesches.

29/07/2020 Graace Bouneweeg

Sollt dir elo Loscht op eng Iwwernuechtung am Graace Hotel kritt hunn, bis Enn dës Jores kënnt dir vun de 50 Euro vum Staat profitéieren.