Haut viru genee 75 Joer ass déi éischt Atombomm iwwer Japan erofgehäit ginn. 3 Deeg drop koum dunn nach eng zweet no. De Max Richartz iwwert eng ganz düster Period an der Zäitgeschicht.

06/08/2020 75 Joer Hiroshima

Et war fir déi éischte Kéier an der Geschicht, datt Atomwaffen an engem Krich an den Asaz koumen. Nom Bombardement vu Pearl Harbor, bei deem ronn 2.400 Mënschen hiert Liewe gelooss hunn, wollten d'Amerikaner zeréckschloen. Nodeems se schonns eng Rei u japanesche Stied, ewéi zum Beispill Honshu, Hokkaido oder Shikoku zerstéiert an d'Japaner nach ëmmer net kapituléiert haten, hat den deemolegen US-President Truman méi drastesch Moossnamen ugekënnegt.

Ma d'Japaner hunn dës Menace ignoréiert an doropshin hunn d'Amerikaner de 6. August, déi éischt Atombomm, déi och „Little Boy“ genannt ginn ass, iwwert Hiroshima erofgehäit. Dobäi sinn 88.000 Affer direkt ëm d'Liewe komm. Iwwert Nagasaki ass de 9. August dunn nach eng zweet Bomm gezünt ginn, déi och nees 44.000 Leit mat an den Dout gerappt hat. Dës Bomm war ënnert dem Numm „Fat man“ bekannt. Den 2. September 1945 hunn d'Japaner dunn schlussendlech awer kapituléiert.

Sou war den 2. Weltkrich dunn och an Asien eriwwer. An Däitschland ass de Krich 4 Méint éischter op en Enn gaangen.