Duerch d'Coronakris leeft d'Welt méi lues. Emmer nach ass manner Fluchverkéier wéi vidrun. Vill Leit siinn am Télétravail an och duerch aner Changementer kéint ee mengen, dass et der Emwelt domadder besser geet. Mee ob déi kleng Paus d'Klimakris da wierklech beaflosse konnt? Lea Schwartz.

04082020 Wat mecht Corona mat der Emwelt

Den Co2 Ausstouss ass virun allem wärend dem Confinement staark zréckgaangen. De weltwäite Fluchverkéier, de Beruffstrafic an och ganz vill Industrie waren iwwert e längeren Zäitraum staark reduzéiert ginn. Ma net just dat, D'Esther Wildanger ass Chargée de communciation vu Greeenpeace, am allgemengen wär an de leschte Méint vill manner Energie verbraucht ginn.

Esther Wildanger: Ouni allerdéngs laangfristeg an nohalteg Mesuren ass et relativ onwarscheinlech, dass dëse kuerzen Trend oder Effekt laangfristeg e positiven Afloss op eist d'Klima oder och d'global Erwiermung huet. Dat kënnt einfach doduerch, dass sou bal sech déi ganz Situatioun nees bëssen normaliséiert huet. A mir erëm sou weider liewe kënnen, wéi dat virum Confinement, virun der Pandemie, de Fall war. Do wäerten mir erëm an eis al Mustere verfalen.Dann ass dee ganzen Effekt wéi eng waarm Drëps op den waarme Steen.

Duerch d'Coronakris sinn dëst Joer zum Beispill och Klimakonferenzen ausgefall, de Probleem kéint an den Hannergrond geroden. Ma och aner Entwécklunge kéinten sech op d'Klima auswierken. Sou mellt zum Beispill den WWF, dass an der Coronakris de Reebësch, deen jo als gréng Long vum Planéit gëllt, nach méi ofgeholzt gëtt. Am Mee wär den Taux un zerstéiertem Bësch an Indonesien a Brasilien ëm 150 Prozent an d'Luucht gaangen. De WWF mécht d'Pandemie dofir verantwortlech well et einfach u Kontrolle feelt, Naturschutzgebidder si méi schlecht geséchert a vill Leit siche verzweiwelt no enger Aart a Weis Suen ze verdéngen, wann hinnen duerch d'Pandemie all aner Akommes wechgefall ass. D'Klimakris ass net domadder gedoen, dass mir e puer Méint doheem bléiwen.

Esther Wildanger: Wa mir wierklech eppes géint de Klimawandel, géint de Klimanoutstand ënnerhuele wëllen, dann ass dat unabdingbar, dass mir eise System änneren. An dat virun allem am Energieberäich. Dat heescht et muss opgehale ginn an d'fossil Energie ze investéieren, Atomkraaft muss komplett gestoppt ginn. A souwisou musse mir an erneierbar Energie wéi Solar, Waasser, a Wandkraaft investéieren.Genee sou wichteg ass et dass mir Prakticken an eiser Landwirtschaft hei zu Lëtzebuerg an eis eege Consommatioun iwwerdenken.

Déi eege Consommatioun betrëfft zum Beispill déi Aart a Weis wéi mir eis fortbeweegen, iessen a liewen. Ma och den Offall, dee mir produzéieren an do fält engem dach direkt e ganze neien Probleem an. D'Einwegmasken, déi natierlech vu jidderengem solle gedroe ginn an awer e grousse Koup vun Offall produzéieren. Do kann een zum Beispill ëmdenken a wéi scho vill Leit et maachen, Masken undoen, déi een méi dacks benotze a duerno wäsche kann.  Et kann een och fest Seef huelen, amplaz déi, déi am Plastik agepaakt ass.  Ma och aner Phänomener sinn an der lescht opkomm, déi a Saachen Ëmweltschutz awer éischte e Schrëtt no hanne si.

Esther Wildanger: D'Leit maache momentan och ganz vill verstäerkt Online-Commanden. Ob si sech elo Iesse komme loossen, Gezei oder elektronesch Geräter. Do entsteet eben och ganz vill Knascht an dat ass och eppes, wou een drun denke sollt, éier ee sou eng online Bestellung mécht.

Dobäi gouf et duerchaus positiv Verännerungen an deene leschte Méint. Sou wär den Télétravail zum Beispill eng Entwécklung gewiescht, déi och an Zukunft eng nohalteg Aart a Weis fir ze schaffe kéint sinn. Dat bedeit direkt vill manner Beruffstrafic. D'Stroosse bléiwen méi eidel an d'Loftverschmotzung gëtt reduzéiert.

Esther Wildanger: Et war awer och positiv ze gesinn, dass dat Leit zwar gezwongenermoossen vill méi regional a lokal consomméiert hunn. An dat ass net just gutt fir eis Landwirtschaft, mee och fir eis d'Klima, well doduercher d'Liwwerweeër einfach vill méi kuerz sinn. An ze gesinn, dass eis Regierung effektiv an der Lag ass, wichteg Decisiounen ze treffe wann dat gefrot ass, gëtt eis natierlech och d'Hoffnung, datt Punkto Klimapolitik esou Changementer och méiglech sinn.