D'Robbesscheier gehéiert mëttlerweil zum Norde vun eisem Land wéi de Peffer bei d'Salz. Et wäert kaum ee ginn deen net opmannst scho mol dofunner héieren huet. Ma elo organiséiert dësen Naturzenter eng speziell Woch wou dann awer och jiddwereen, dee frou mat der Natur an den Déieren ass, eng Kéier do passéiere kann. Wat do geplangt ass verréit d'Nicky Soisson Iech elo direkt.

14082020 Summeragenda Robbesscheier Entdeckungswoch

D'Robbesscheier zu Munzen, nëmmen e puer Kilometer vu Klierf ewech, ass en ëffentleche Naturzenter, deen duerch de Syndicat du Tourisme vun der Gemeng Klierf geréiert gëtt. De gemengnëtzege Veräin gouf 1989 gegrënnt a beschäftegt haut méi wéi 50 Mataarbechter. D'Robbesscheier ass an diverse pedagogesche an nohaltege Projeten engagéiert, ma een deen hinne ganz besonnesch um Häerz läit ass de Centre de Compétence du Cheval de Trait Ardennais wou si och well gutt 30 Joer Erfarung mam Ëmgang mat den Aarbechtspäerd opweises hunn. D'Ardenner Aarbechtspäerd ass deemno enk mat der Regioun an der Robbesscheier verbonnen.

Vum 17. bis den 23. August organiséiert d'Robbesscheier elo eng Entdeckungswoch am Zenter. Jean Zeches, Responsabel vun der Robbesscheier:

Déi Woch do maache mir de ganze Site op fir dass d'Leit mol eng Kéier kënne kucke komme wat mir hei alles esou ubidden dat heescht mir maachen eng ganz Rei vun eisen Atelieren fir d'Kanner op. Déi kënnen de ganzen

Dag Käerze maachen, kucke wéi Woll verschafft gëtt, si kënne baken, si kënne mat der Kutsch fueren, mam Iesel reiden. Si kënnen an de Gaart goen, si kënnen an d'Seeërei an an d'Schmëdd. Je, mir hunn eng ganz Panoplie do vun Animatiounen déi si da mol hei kënne lieweg gesinn. Et ass awer esou, dass normalerweis ëmmer den Dag vun den Ardenner Päerd war an dat heiten ersetzt dat Fest wat mer net kënne maachen, dat heescht d'Thema Schaffpäerd ass awer den Haaptophänkert, wou mir dann och weise wat ee mat engem Päerd alles ka maachen, wou dann och Demonstratioune si wat déi alles kënne schaffen, wou een och Mamme mat Fille ka gesinn. Dat heescht dat ass schonn awer den zentralen Thema, dass mir mol weise wat mir hei probéieren erëm em d'Schaffpäerd opzebauen.

Déi ganz Woch iwwer kënnt Dir deemno d'Robbesscheier fräi entdecken, ma idealerweis mellt Dir Iech awer am Viraus un:

Also normalerweis ass alles op, dat heescht et kann een och fräi heihinner kommen. Fir eis ass et awer méi einfach fir ze plange wann ee sech umellt. Einfach och well mir elo awer op déi Ofstandsreegele mussen oppassen. Da kënne mer nämlech och Atelieren schonn e bëssi aplangen an da kann een och soe wat een hallt well éischter oder net sou gär maachen, da kënne mer eis organiséieren.

 

Vu Moies 10 bis Nomëttes 16:30 Auer ginn déi ganz Woch iwwer d'Aktivitéite proposéiert an dat zu engem festen, attraktive Präis vun 10 Euro ab 13 Joer a 5 Euro pro Kand ab 3 Joer. Fir déi ganz Kleng ass den Entrée gratis.

Si bidden awer och speziell Packagen mat 1 oder 2 Nuechten an hirem neien Hotel sur Place un wou d'Vollpensioun dran ass. 

Reservéiere kënnt Dir entweder iwwer Mail un info@touristcenter.lu  oder iwwer Telefon um 92 17 45 1.

Informatioune ginn et op hirem Internet Site: