Haut teste mer an den Automag-News direkt 3 méi oder manner nei Autoen. De Ford Puma, den Abarth 595 an de Fiat 500X. Wéi se sech geschloen hunn, dat seet eis elo de Paul Origer:

08/08/2020 AUTOMAG News Rediff (13h15)

Sport ass in – dofir pimpt Fiat hire Crossover 500X mat enger Sport-Versioun. Dat ass engersäits den 1300er Turbo aus der FireFly-Serie mat 150 PS an 270 Nm. Dann en nei ofgestëmmte Fuerwierk mat 13 mm manner Buedemfräiheet an 19-Zoll Rieder, a last but not least Spoiler a gro Applikatiounen fir de sportleche Look. Bannenan ginn et leider keng Schuelesëtzer wéi bei Abarth mee éischter Seriefotelle mat wéineg Säitenhalt. Am Fong schued wëll dem 500X Sport seng Paradediscipline sinn d’Kéieren. Deen nees erofgesate Crossover läit onerwaart gutt an huet enorm Gripreserven. Och d’Steierung huet Spaassfacteur. Wa just déi Motor-Boîte Kombi net wier. Dee klengen 1300er geet jo am Fong net schlecht; e brauch awer minimum 3000 Toure fir ze erwächen. An dee Moment sinn déi viischt Rieder mat 270 Nm Dréihmoment iwwerfuerdert. Resultat; d’Steierung verhärt an d’Kontroll gëtt schwiereg. Den absolutte Spaassverdierwer ass awer déi automatesch Boîte mat Duebelkupplung; dat eenzegt wat se kann, ass nämlech ruckelen. Beim Ufueren, beim Schalten, beim Ofbremsen – et kënnt een sech vir wéi bei der éischter Fahrstonn. Kombinéiert mam Turbolach vum klenge 4-Zylinder kann een all sportleche Start oder Tëschesprint vergiessen, et verginn nämlech gutt 4 Sekonne bis eppes geschitt. Schued, wëll dat gutt gelonge Fuerwierk an de sympathesche Look hätte besseres verdéngt. De Präis ass awer fair, bei ronn 24.000 Euro geet et lass.

Et sinn Autoen, déi ginn einfach net al. Genee esou een Evergreen ass den Abarth 500. Zenter 2015 gëtt et déi aktuell Versioun, am Kär huet de klenge 500er awer schonn iwwer 10 Joer um Bockel. Dat mierkt ee besonnesch bei der Sëtzpositioun, déi fir grouss Leit nach ëmmer zimmlech onconfortabel ass, grad ewéi bei den Equipementer wou vill modern Assistenzsystemer fir de klengen Abarth net ze kréie sinn. Mee de Purist an den typesche Client schéngt dat net grouss ze stéieren, déi kleng italienesch Knallbéchs verkeeft sech nach ëmmer gutt. An dat och zu Recht; den Testauto 595 C Competizione war Fuerspaass puer. Wann 180 PS op knapp 1000 Kilo treffen, da geet et bekanntlech virun. Dee klenge 1400er T-Jet ass en plus extrem dréihfreedeg, d’Ofstufung vun der Boîte trotz nëmme 5 Gäng genee passend. An dat bescht ass de Klang; den Abarth 500 mécht wéi e Staubsauger op Extasy; dréckt een op d’Sporttast, da gëtt gerouert, geröchelt a gezischt – kann ee wéi beim Testauto 595 C och nach den Daach grouss opmaachen, da gëtt et dat vollt Sounderliefnes. Sécherlech och e Grond firwat déi aktuell Generatioun nach ëmmer leeft ass déi extrem gelonge Stroosselag an d’Steierung mat idealem Feedback. Mee den Nofolger steet an de Startlächer – huet ee minimum 24.500 Euro parat, da soll een sech en 180-päerdege 595 sécheren. Esouvill Fuerspaass kritt ee warscheinlech net méi fir déi Suen.

Mir schreiwen 1997. Ford lancéiert hire Puma, deemools d’Äntwert op den Opel Tigra, an dat enger Zäit wou nach méi emotional Autoen wéi Coupé’en a Cabrioen d’Clienten ugezunn hunn. Haut geet just SUV a Crossover a genee dat ass och de Puma Nummer 2. Erfreelecherweis huet Ford awer, genee wéi deemools mam New Edge, sech a punkto Design eppes getraut. Vu vir wéi een Insekt, vun der Säit coupéméisseg a geduckt, vun hanne bulleg – dat ass tatsächlech net iwwel. Okay, d’Siicht no hannen ass wéi esou dacks schwiereg an erfuerdert schonn direkt eng Réckfuerkamera. Dofir sinn de Banneraum an den Tableau gefälleg gemaach, bidde genuch Oflagen a loosse sech einfach bedéngen. D’Plazoffer läit op Fiesta-Niveau, no uewen ass et awer méi lëfteg an d’Mall schléckt mat 460 Liter och e puer Valisse méi. Beim Undriff ginn nei Säiten opgezunn; den 125 PS-Ecoboost vum Testauto kritt elo als Mildhybrid elektresch Ënnerstëtzung. En ass zwar u sech schonn ee quirlege Gesell, wierkt esou awer nach e Krack méi sprëtzeg. An déi liicht Hybrid-Technik dréckt duerch Boost a Rekuperatioun de Verbrauch erof op am Schnëtt 6,5 Liter. Spuersam muss awer net Spaassaarm heeschen; och beim Puma hunn d’Fuerwierksspezialisten nees gutt Aarbecht geleescht; de klenge Crossover läit richteg gutt, zackeg Richtungswiessel si kee Problem, d’Steierung mellt gutt zeréck an dee klengen Turbo-3-Zylinder ass direkt disponibel. Präislech bleift de Puma och nach fair; ronn 23.000 Euro sinn de Minimum, ëm 30.000 louch de voll ausstafféierten Testauto.