Et gëtt se an allen Faarwen. Ob giel, gréng, rosa oder mof. An dobäi sollen se ee richtegen Booster fir eis Gesondheet sinn. Riets ass vun de Smoothien. 1926 huet zu Los Angeles den Julius Freed deen éischten Smoothie aus frësch gepressten Orangen, Waasser, Eewäiss, Extrait vun der Vanille, Zocker a Glace zesumme gemëscht. Hautdesdaags gëtt et eng ganz Panoplie un Variatiounen.

04/08/2020 Smoothie sprengt all Regimme?

An dofir wieren se och esou beléift. Well et mol eng kéier eppes Gesondes wier, dat och nach gutt géing schmaachen, seet de Kach Carlo Sauber. Dacks géingen d'Smoothien nämlech schlecht geschwat ginn, well se duerch dat villt Uebst immens vill Zocker enthalen, ma et hänkt eben alles vun der Preparatioun of an wat een alles dra mécht. Uebst ass natierlech eng vun den Haaptingrédienten vun engem Smoothie, grad esou wéi zum Beispill Mëllech, sief dat Soja-, Mandel- oder ganz normal Koumëllech. Ma der Fantasie sinn awer keng Grenzen gesat. Well et misst een net ëmmer nëmmen mat Uebst schaffen, mee et kéint een och e Mix aus Geméis an Uebst maachen. An och d'Mëllech kéint een duerch Jughurt, Téi oder souguer Waasser ersetzen. A wann ee sech de Smoothie dann och selwer doheem preparéiert, da kann een och kontrolléieren, wéi vill een dra mécht an dass et herno keng verstoppten Kaloriëbomme ass. Am beschte wier et, wann ee sech bewosst wier, dass e Smoothie ëmmer eng Molzecht soll ersetzen an een et net nach zousätzlech dozou drénkt.