Vun der Festung bis zum Unesco Weltkulturierwen. D'Stad Lëtzebuerg huet eng markant Geschicht, eng Geschicht déi elo d'Fotothéik an hirer Ausstellung am 'Cercle Cité' weist. Mëttlerweil huet d'Fotothéik en Archiv vun iwwer 6 Millioune Fotoen - dat ganzt Joer schafft d'Ekipp also dorunner fir di richteg Selektioun vu Fotoen ze maachen. D'Patricia Baum war kucken.

06/08/2020 Expo Fotothéik (P.Baum)

25 Joer ass et hir datt d’Alstad op d’Lëscht vun den Unesco Weltkulturierwen opgeholl ginn ass. E Jubiläum deen d’Fotothéik thematesch opgeschafft huet. De Schwéierpunkt vun der Ausstellung läit also op der Geschicht vun der Festung, illustréiert mat Fotoen aus hirem Archiv. De Marc Wilwert vun der Fotothéik erkläert.

161 Joer leien tëschent der eelster an der jéngster Foto di een an der Ausstellung ze gesi kritt. Eng Zäit an där vill geschitt ass an wou d’Stad Lëtzebuerg sech kontinuéierlech verännert huet, politesch, gesellschaftlech an urbanistesch.

Mat dobäi sinn bekannt an onbekannt Lëtzebuerger Fotografen. An den Archiven huet d’Fotothéik eng ganz Palett u Fotografen di wichteg fir hir Zäit waren, well se Lëtzebuerg dee Moment festgehalen an dokumentéiert hunn. D’Selektioun vun de Fotoen mécht sech dann natierlech thematesch, ma dat eleng geet awer net duer.

Et ass wéi eng Zäitrees duerch d’Stad. All eenzelen Fotograf ass en Zäitzeien, wou een haut mat Recul op hir Fotoen zréck kucke kann. A wou een nach eng Kéier gewise kritt wéi wichteg et ass de Lien zu der Geschicht an zum Patrimoine net ze briechen.

Bis de 6. September kann een sech di impressionant Fotoen an de Ratskeller vum Cercle Cité ukucke goen.