Déi mannste wësse warscheinlech, wien de Yannick Schumacher ass. Soen ech awer elo: "Yaya van Chique", da geet bei verschiddene ganz sécher eng Späicherluucht op. De jonke Vlogger huet sech an der Social Media Welt zu Lëtzebuerg en Numm gemaach, well e virun allem eppes kann: Nämlech Leit zum Laachen bréngen!

04/08/2020 Social Media Perséinlechkeeten: Yaya van Chique

Seng Léift zu de Social Media huet de Yannick Schumacher scho fréi entdeckt. Ugefaangen huet nämlech alles mat engem Kanal op Facebook mam Numm "Ech wäert Dir et soen", wou den deemolegen Schüler, Videoen a senger typesch komescher Manéier gepost huet. Dat ass elo 17 Joer hir. Duerno huet hien och nach Videoen produzéiert, déi en dunn op Youtube gesat huet. An hien huet och ugefaangen en Blog ze schreiwen, wou en iwwer Moud fir Männer, a besonnesch e bëssen méi deck Männer, geschriwwen huet. Déi sozial Medien gehéieren fir de jonke Mann einfach zum Liewen dozou.

View this post on Instagram

The gayest picture ever🌈

A post shared by Yannick Schumacher (@yayavanchique) on

Ob d'Iddi fir sech en Alter Ego ze erstellen, ass de Yannick duerch en Buch komm, wou d'Autorin sech och en aneren Numm ginn huet. Zanter deem kënnen déi meescht hien nëmmen nach als "Yaya van Chique". De gebiertegen Diddelenger post all Dag op Instagram eppes, wat him am Alldag esou geschitt oder wat hien grad beschäftegt. An dat ëmmer ob seng ganz speziell a witzeg Aart a Weis. Hien mécht et immens frou, wann en Messagen kritt, vun Leit, déi em soen, dass hien hiren Dag gerett hätt an si duerch hien einfach mol nees eng kéier gutt konnte laachen. Well sech selwer och emol op d'Schëpp ze huelen, dat kann de Yaya nawell gutt.

Ma dobäi stécht hannert senge Posten dacks awer och e Message. Hien sëtzt sech fir d'LGBTQ-Communautéit an an och fir Männer a Fraen, déi e puer Kiloen méi op den Hëften hunn. An dofir bleiwen leider negativ Commentairen net aus. Ma mat deenen geet de jonke Blogger eigentlech ganz entspaant ëm. Mee en toleréiert awer net alles an en misst och schonn eemol sou wäit goen, fir eng Plainte bei der Police ze maachen. Well Cyberbullying ass en Thema, dat méi dacks misst ugeschwat ginn.

Fir de Rescht verléiert de Yannick awer säin Humor net an huet dofir zanter engem gudde Joer e Podcast zesumme mat senger eelster Frëndin, wou se elo am Doppelpack Leit wëllen zum Laachen bréngen.