Zu Lëtzebuerg huet een dat eventuell héieren, an anere Länner ass Sophrologie awer schonns méi bekannt. Sophrologie kënnt aus dem Griicheschen a setzt sech zesummen aus Sos ''Gläichgewiicht'', Phren ''Séil'' a Logos ''Léier''. D'Marie Gales wollt méi dozou wëssen.

04/08/2020 Wat ass a brengt Sophrologie

An ech hunn nogefrot beim Martine Jungels. Si schafft bei der CFL als Infirmière bei der Santé au Travail. Nieft den Tester fir déi spezifesch Beruffer an soss Aktivitéite vun der Aarbechtsmedezinne bidden si och Course fir d'Wuelbefannen un. Dat si Sophrologiescoursen, déi am Grupp oder eleng kënne gemaach ginn. Dat lescht Joer huet d'Martine Jungels hir Formatioun doranner ofgeschloss. Wat genee ass da Sophrologie?
Dat ass eng ganz douce Methode fir sech ze entspanen. Si ka vun jidderengem praktizéiert ginn, ganz onofhängeg vum Alter an der kierperlecher Fitness. Si hëlleft der Persoun, déi se ausüübt sech kierperlech, mental a gefillsméisseg ze relaxéieren. Also sech allgemeng besser ze fillen. An enger typescher Seance gi liicht Übungen ugebueden woubäi bestëmmte Muskelgruppen ugespaant an nees entspaant ginn. Dës Übunge gi mat bewosster An- an Ausootmung kombinéiert. Et geet dorëms sech op sech selwer ze konzentréieren an esou en harmonescht Kierpergefill ze erreechen.

Et ass de kolumbianeschen Neuropsychiater Alfonso Caycedo, deen 1960 mat dëser Entspanungstechnik ugefaangen huet domadder ze schaffen. Si setzt sech zesummen ënnert anerem aus Yoga, progressiver Relaxatioun, autogenem Training, positiver Autosuggestioun an Hypnose.

Wéini kann ech dann op Sophrologie zréck gräifen? A fir wie kéint se eng Léisung sinn?
D'Sophrologie ass eng immens flott Method fir ze léieren den eegene Stress, deen duerch Suergen oder duerch eng Liewenskris, Emotiounen oder Verännerungen entsteet, fir deen ze verschaffen. Si ass och ganz effikass bei Probleemer wéi Burnout, Schlofstéierungen, Phobien, chroneschem Wéi, fir e perséinlechen Evenement virzebereeden. D'Leit spiere sech vu Seance zu Seance besser a maachen hir Übungen och reegelméisseg doheem oder op der Aarbecht. Et kann ee se a sengen normale Kleeder maachen an et brauch een eng 15 Minutten dofir.

Ganz wichteg ass et dem Martine Jungels ze ënnersträichen, dass Sophrologie keen Asaz fir eng Psychotherapie zum Beispill ass
Si ka parallel dozou praktizéiert ginn, souzesoen als Komplementarmethod.

An Zäite vu ''Social Distancing'' soll keen op d'Sophrologie verzichten, eben net am Grupp. D'Martine Jungels huet dofir e puer Seancen opgeholl, déi ee selwer maache kann wann et engem da passt. Si sinn op Lëtzebuergesch an et kommen der sécher nach no.

Kuckt op