Am Confinement ware Konscht a Literatur villäicht no bausse manner visibel, mä an hire véier Wänn hunn d'Schrëftsteller sech natierlech weiderhin hir Gedanke gemaach an se och zu Pabeier bruecht. Ee Beispill dofir hu mir Iech d'lescht Woch op dëser Plaz virgestallt, mä et ginn der nach méi. D'Bea Kneip huet "La vie trépidante du confiné" vum Laurent Moyse an "da ist was im busch" vun der Tania naskandy fir Iech gelies.   

06/08/2020 Lecture vun heiheem: Nei Bicher vum Laurent Moyse an Tania Naskandy

Als fräie Journalist beschäftegt de Laurent Moyse sech haaptsächlech mat de Beräicher Politik, Geschicht an Ekonomie. Mat "Le coup du sort" huet en 2016, ënnert dem Androck vum US-amerikanesche Walkampf e satiresche Roman erausbruecht deen och 2020 näischt vu senger Aktualitéit verluer huet. Seng Gedanken iwwert de Confinement huet en an engem klenge Bichelchen resuméiert. Ënnert dem Titel "La vie trépidante du confiné" probéiert hien e liicht ironesch-humoristesche Bléck op d'Zäit vum "Bleif doheem" ze geheien.
Laurent Moyse: Wéi de Lockdown komm ass, si mir vun de schlechten Noochriichten richteg erschloe ginn, an dat huet ville Leit ze schaffe gemaach. An dat schéngt jo nach eng Zäitchen esou weider ze goen. Eng vun de Méiglechkeeten ass zu der schwéierer Lag eng gewëss Distanz ze schafen, an ech hu versicht, mat enger Portioun Humor esou eng Distanz ze schafen, dat ze beschreiwen wat jiddereen op seng Aart a Weis duerchgemaach huet.
Bei esou aussergewéinleche Momenter reagéiert de Mënsch op seng Aart a Weis, munchmol ängschtlech, munchmol verstänneg, heiansdo irrationell. 
Vun Toilettepabeier bis Visioconférence, vu Gaardenaarbecht bis Applaus owes um 8: De Laurent Moyse verschafft d'Erfahrung vum Lockdown op seng Manéier.

-----------------------------------------------------------------------------------------------------------------------

Méi kuerz kann een sech net faassen: Den Haiku, déi traditionnell Gedichtform aus Japan bréngt et an 3 Zeilen op de Punkt. A wien op dem Instrument esou virtuos spille kann wéi d'Tania Naskandy deem geet dat och vëllechen duer. "da ist was im busch: haiku-comic aus blackoutville" sou heescht  hire Recueil an dem si mat chirurgescher Präzisoun an ironeschem Säitebléck den typesch Lëtzebuerger Lockdown sezéiert an analyséiert. 


das haben wir nicht verdient

diese heimtücke

diesen hinterhalt 


all die bequemen

müssen jetzt bangen

in ihren goldnen nestern


jetzt trifft es jeden

sogar die reichsten

das ist zutiefst ungerecht


An der extrem kuerzer Form vum Haiku spigelen sech d'Restriktioune vum Confinement erëm. Fir d'Tania Naskandy, Servais-Laureatin vun 2010, och bekannt ënnert de Pseudonymer sandra montano,lisa vitali oder jeannette-adelheid kourkouma,  ass et déi éischt Publikatioun zënter 10 Joer. A wien tatsächlech net wéisst wien sech hannert dem Pseudonym Tania Naskandy verstoppt, dee misst sech et spéitstens elo denke kënnen...