D'OECD d'Organisatioun fir ekonomesch Zesummenaarbecht an Entwécklung ass eng international Organisatioun déi sech fir e bessert Liewen an de Memberstaaten engagéiert. Dofir publizéieren si reegelméisseg Etüden. Sou och eng iwwert d'Entwécklung vun de Rechter fir déi Schwul, Lesbesch, Bi, - Trans an Intersexuell Communautéit iwwert déi lescht 20 Joer. An do géifen et dëser Etüd no, eng positiv Entwécklung ginn.

06082020 LGBTQ+ Rechter iwwert dei lescht 20 Joer

Der OECD Etüd no huet Lëtzebuerg  64 Prozent vun enger kompletter Gläichberechtegung a Saache LGBTQ+ Rechter erreecht. An anere Wieder am internationale Vergläich steet Lëtzebuerg op der 11. Plaz an hätt nach vill Loft no uewen. Ganz virbäi ass zum Beispill Kanada, Portugal a Frankräich. De Roby Antony ass de Chargé de Direction vum Centre LGBTQ+ Cigale. Si informéieren a beroden iwwer sexuell Orientéierung, Coming-Outs a Geschlechtsidentitéiten. A sensibiliséieren awer och de Grand Public fir d'Thema.


Roby Antony: Et huet sech ganz vill gedoen, vergläichsweis mat anere Länner. An awer och wou ech och ëmmer Loscht hunn ze soen, wat awer ganz wichteg ass. Dat sinn alles Chifferen op engem Pabeier op engem Rapport. Dat steet net fir dat, wat tatsächlech all Dag an der Realitéit op der Strooss gelieft gëtt.
 

Eng aner Etüd no vun der ILGA, dem internationalen Daachverband vu LGBTQ+Organisatioune steet Lëtzebuerg zum Beispill och op der drëtter Platz.

Roby Antony: Also als offe liewenden Homosexuelle Mann fält mir spontan keen anert Land an, wou ech gäre liewe wou ech mech esou sécher fille wéi hei zu Lëtzebuerg.
 
Den 1. Januar 2015 ass zum Beispill de gläichgeschlechtleche Mariage hei erlaabt ginn, zanter 2006 gëtt et d'Gläichberechtegungsgesetz an zanter zwee Joer kënnen dank engem neie Gesetzesprojet Transgender Persounen hiert Geschlecht méi onkomplizéiert änneren a mussen net méi iwwert de juristesche Wee goen.
 
Roby Antony: Et ass ni eppes en Acquis definitiv. Besonnesch am Groussen a Ganzen, wann een sou bësse sou kuckt. Och rezent mat deene Beweegungen ausserhalb, dee Rietsruck, deen e bëssen duerch Europa gaangen ass. Awer och allgemeng an der Welt. Do ass et ni een Acquis, et kann een och ëmmer nees zréckfalen. Dass ee Rechter wechgeholl kritt. An do muss een natierlech géigesteieren. Do muss ee ganz vigilant bléiwen.
 

E ganz aktuellt Beispill dofir ass den Ament Polen mat den LGBT Ideologie fräien Zonen. Dat si ganz Gemengen a Stied, déi keng LGBT- Organisatioune méi ënnerstëtzen an et och gläichgeschlechtleche Koppelen net erlaben sech do oppen ze weisen. Just e puer vu ville Diskriminatiounen, déi sech am EU-Land summéieren.
 
Roby Antony: Bon wéi sou eppes an engem Europa 2020 iwwerhaapt méiglech ass, ass mir schleierhaft. Do géif ech mir net nëmme wënschen, mee do ass et absolut noutwendeg sech do eng Kéier méi vehement ze wieren. Och offiziell als Europa, awer och déi eenzel Regierungen sech do ganz kloer ze positionéieren an ze soen: Dat do geet net.
 
Der ILGA no goufen et 2019, 120 Länner an deenen am géigesäitegen Accord gläichgeschlechtlech sexuell Handlunge legal sinn. Dat heescht awer och, dass et an anere Länner net erlaabt ass. Fir déi Betraffe bedeit dat dacks e Liewen am Schied vun der Gesellschaft. Do falen och Länner drënner, déi als beléiften Touristendestinatioune gëllen.

Roby Antony: Wat een och muss bedenken ass, dass wann ech als Tourist enzwousch higinn, wou alles schéi propper organiséiert ass an ech e gewësse Schutz genéissen als "Auslänner".  Wat fir déi Leit sur place dann awer dacks net de Fall ass. A sou misst ee vläicht vill méi konsequent och soen, ech ginn elo net dohinner. Oder och ophalen ze mengen, dass alles an der Rei ass, wann ech als gudde Lëtzebuerger an d'Vakanz ginn, nëmme well ech selwer näischt erliewen, well et engem als Tourist dann awer nach aneschters geet wéi sur place all Dag ze wunnen an ze liewen.