An der Gemeng Wal verstoppt sech e ganz klengt Dierfchen, an deem een eng vun de schéinsten an eelste Kierche vum Land fënnt: Randschelt. Scho mol eppes dovunner héieren? Falls net, dann huelt scho mol d'Landkaart eraus well eise Summeragenda vun haut féiert eis genee dohinner. Nicky Soisson.

05082020 Summeragenda Picknicksgeschichte mam Potty Lotty

Offiziell huet dat klengsten Duerf aus Lëtzebuerg grad mol 1 Awunner! Ma net nëmmen d'Kierch an de klenge Randschelter Bistro MiRo maache Randschelt attraktiv a grad wärend de Summerméint esou unzéiend. Hei fënnt een och de Musée Thillenvogtei dee mat sengem flotte Summerprogramm d'Leit aus dem ganze Land unzitt.

Freides Owes vun 18h00 bis 20h00, an dat nach bis den 28. August, gëtt hei zum Beispill e mol bëssi anere Familljenowend organiséiert. Wat do gebuede gëtt, dat verréit Iech d'Nadine Nicks vun der asbl Musée Thillenvogtei Randschelt:

Hei bougéiert et scho ganz schéin op der grousser Wiss hannert dem Haff vum Musée. Mir hunn d'Leit hei op  d'Picknicksgeschichte mam Potty Lotty invitéiert. Dat ass d'Charlotte Reuter wat Kannergeschichte virliest. mir wollten onbedéngt an eisem Summerprogramm eppes hu fir kleng Kanner wou d'Familljen och kënne kommen, natierlech alles an de Sécherheetsrichtlinnen déi de Moment aktuell sinn.

Ech hat d'Éier d'Potty Lotty selwer kennenzeléieren a war natierlech virwëtzeg méi vun him ze wëssen:

D'Potty Lotty kënnt aus enger englescher Adelsfamill, mee et huet sech do net ëmmer sou wuel gefillt an et huet sech net ëmmer un d'Reegele gehalen. An dunn op eemol hat hatt d'Flemm a seng Elteren och an dunn hu se hatt op Lëtzebuerg geschéckt. Dunn huet et zu Lëtzebuerg lëtzebuergesch geléiert an et huet ebe scho säit eh und je eng ganz grouss Léift fir Bicher. A säitdeem geet d'Potty Lotty vill dorëmmer zielen a virun allem liesen.

Hannert dem Potty Lotty verstoppt sech d'Charlotte Reuter wat dëse Liesprojet 2017 an d'Liewe geruff huet. D'Iddi war e Personnage ze kreéieren deen d'Kanner liicht erëm erkennen an deen deene Klengen e positive Kontakt mam Liesen gëtt. An dat kënnt och definitiv un! D'Kanner ware begeeschtert.

Wann Dir och emol bei de Picknick's Geschichte mam Potty Lotty wëllt dobäi sinn, dann ass dat ganz einfach:

Fir sech hei unzemellen, dat geet iwwer thillenvogtei@gmail.com. Do kann een anengems direkt scho Bescheed soe wat een a säi Picknickskuerf wëllt hunn well mir hunn do verschidden Zorte vu Sandwichen, mir hunn och Desserten an natierlech och gesond Uebst dobäi an eng Erfrëschung. Dat kann ee sech alles eraussichen an zesummestellen. D'Entrée ass ëmmer de Picknickskuerf mat der Virliesung vum Potty Lotty. An da muss ee just nach op der Kaart erausfanne wou dat klengsten Duerf vu Lëtzebuerg ass an dann ass ee schonn hei.

Informatiounen iwwert de ganze Summerprogramm vun der asbl Musée Thillvogtei Randschelt ginn et hei: