Kee Summer zu Lëtzebuerg ouni den Escher Beach. Fir vill Leit ass de "Luxembourg Beach Open" e festen Rendez-vous an hirem Kalenner. Da gëtt scho mol dacks d'Vakanz esou geluecht, dass een och sécher de leschte Weekend am Juli do ass. 25 Joer hätt den LBO dëst Joer gefeiert.

07/08/2020 #SavetheLBO

Dat ass awer, wéi sou vill aner Evenementer, an d'Waasser gefall. Um Escher Gaalgebierg sinn dëst Joer leider keng Camionen voller Sand ugerullt. Am Ufank hätt ee nach probéiert et an de September ze verleeën, sou de Gérard Thein vum Organisatiounscomité.

Ma dat géing leider awer och bedeiten, dass doduercher eng gréisser Zomm verluer geet, déi gebrauch gëtt, fir d'Jugend- an Seniorsequippen vum Escher Volleyball Club ze förderen. De "Luxembourg Beach Open" ass nämlech vun hinnen 1995 an d'Liewe geruff ginn, fir eben grad och Suen fir de Club ze sammelen. Well do géing vill drunhänken.

Et wéilt een awer positiv bleiwen an alles dru sëtzen, dass den Escher Beach och seng 25 Joer feieren kann. Well den Escher Beach wier net nëmmen en Sportsevenement, mee ass iwwert d'Joer einfach Kult ginn.

View this post on Instagram

<<< SAVE THE LBO >> 🏐☀️🏝 Den Spuerkeess Luxembourg Beach Open um Escher Gaalgebierg ass elo op all är Hëllef ugewisen fir no 25 Joer an der Annulatioun wéinst Covid 19 déi next Joeren weider ze bestoen. Mär brauchen d’Ënnerstëtzung vun Äerch all 😊 #onebigbeachfamily Den LBO ass den Event vum Escher Volleyball Club an déi gréissten Einnahmequell fir den Club, woumadder seng Traineren an Seniors & Jugend Ekippen déi next Saison kennen finanzéiert gin. De ganzen Gewënn vum LBO an der Pitcher Beach Party geet all Joer integral un den Club & LBO Material. Desen groussen Budget feelt elo. Ouni LBO keen EVBC, ouni EVBC keen LBO. Mär hoffen datt där als Spiller, Ekipp, Zuschauer, Sponsor an Sympatisant vum Beach dee coolsten Beachevent am Minett wëllt ënnerstëtzen 🍹. Där maacht desen Event aus an sidd och de Grond firwat mär all Joër nees eisen LBO organiséieren an Tonnen Sand op den Gaalgebierg brengen, one big beach family 🔥😎. Där kennt dest maan andeems där dem LBO & EVBC eng Spend maacht. 🤩🤩🤩🙌#zesummenfirdenbeach #savethelbo #weloveu Där kennt op eisen LBO Konnt spenden wou et ab 40 Euro och en SAVE THE LBO T-SHIRT gëtt 😍 Um Flyer stin d Infoen 👇👇👇 LBO-Konto: LU60 0019 5000 1430 5000 Mär soen elo schon jidderengem Merci deen sech als en Deel vum Luxembourg Beach Open gesäit an eis hëlleft. 👍💪 Mär soen op deser Plaz och der Escher Gemeng merci dei eis hier Ënnerstetzung schon zougesechert huet 🙌😍. #onebigfamily #hottestplacetobe #icicestlbo #icicicestesch #comebackstronger Ville d'Esch Escher Sport Spuerkeess Bei Froen oder Hëllef 👉 lbo@evbc.lu

A post shared by Luxembourg Beach Open (@lbo.evbc) on

An dofir hu si elo den #SavetheLBO an d'Liewe geruff. Eng Aktioun fir Suen ze sammelen, fir dass den Escher Volleyball Club an och den "Luxembourg Beach Open" weiderhin kënne bestoen bleiwen. All Don ass wëllkomm an dofir géing een dann och eppes am Géigenzuch dofir kréien.Dat fänkt un bei enger Veréiwegung op der grousser LBO-Mauer, déi bei der nächster Editioun opgestallt gëtt, iwwert en T-Shirt a Memberskaarten, mat deenen een da gratis eng Saison laang all d'Heemmatcher vum Escher Volleyballclub ka kucke goen.

All d'Informatiounen fir en Don ze maachen, fannt Dir um Internetsite vum Escher Volleyballclub

.