Grad wéi eis, ass et den Déieren och ze waarm wann den Thermometer iwwer 30 Grad uweist. Dem Hond oder der Kaz leeft zwar kee Schweess de Réck erof, an awer hunn och si mat der Hëtzt ze kämpfen. Dacks gesot, den Hond oder soss en Déier hu näischt an engem Auto verluer, och wann ee just fir 5 Minutten séier eng Kommissioun maache geet. Mä et gëtt nach sou Munches, op dat ee muss oppassen, wann een Déieren huet an et sou waarm ass, Marie Gales.

08/08/2020 Och Déieren aus der praller Sonn eraus!

Raus aus der praller Sonn, dat leet eis d'Déierendoktesch Romi Roth un d'Häerz.

Moies fréi oder owes spéit mam Hond trëppele goen. Och den Auto virkillen, wann ee mat him fortfiert fir an den Bësch trëppelen ze goen.

Also och dem Hond deet dat wéi, wann e mat senge Patten iwwert de waarmen Makadamm trëppelt. Am beschten am Schied an op Wiesen oder am Bësch da mam Hond spadséiere goen! Ganz wichteg och Waasser mat derbäi hunn fir dem Hond reegelméisseg ze drénken ze ginn. Och kucken, dass de Mupp doheem genuch ze drénken huet, wann Dir de ganzen Dag schaffe gitt.

Den Hond net am Gaart loossen, well wann e seng Schossel mat Waasser ëmgeworf huet, gëtt den Dag laang. Besser den Hond am Haus loossen op enger killer Plaz.

Mat de Kazen ass dat anescht. Si bleiwe bei décker Hëtzt aus der Sonn eraus, si hunn eng aner Kierperintelligenz a verstoppe sech dann éischter do wou et méi kill ass oder trëppele vu selwen iwwert eng kill Wiss oder gi carrement zréck an d'Haus an de Schied. Mä deenen och ze drénke ginn!

Dann eriwwer bei dat klengt Gedéiesch..zum Beispill dem Mierschwéngchen ass et richteg waarm wann et sou héich Temperature ginn. Net erausstellen am beschten! Déi kënne méi séier en hyperthermesche Schock maachen, souguer bei nach bei méi niddregen Temperaturen. An hirem Käfeg loossen, mä en extra Groussen mat engem Méckegitter agekleet sinn. Dat selwecht gëllt fir Huesen a soss klengt Gedéiesch. Bei deene klenge Déieren kann ee och eng kleng Sandplaz ariichten, op déi een da Fiichtegkeet schëtt an domadder gëtt et schonns méi kill.

D'Alarmglacke solle schloen, wann äert Déier sech net méi vill beweegt, do uecht dinn well a säin Déierchen ënnersichen wéinst deene ellene Mécken, déi Larven an de Pelz ofleeën.
Do direkt bei de Veterinär lafen, fir dass äert Déier dann net méi leide muss. Nach e puer zu de Villercher, déi dobausse fléien. Wa mir hinnen am Wanter alt Fudder dohinner stellen, dann am Summer dann och Waasser...
Doranner kënne sech d'Villercher dann och dra buede fir ofzekillen. Ma wéi bei den Hënn a klengen Déieren, och bei de Villercher Uecht dinn, dass d'Waasser ëmmer propper ass!