Hutt Dir well eppes vum Aly vum Schwaarzenhaff zu Stengefort héieren? Wat sech hannert dem Numm verstoppt a firwat sech de Wee mat de Kanner op Stengefort bei de Mirador lount, dat verréit eis d'Nicky Soisson.

22072020 Summeragenda mam Aly op Schatzsich

Den Alytes obstetricans, bei senge Frënn och als Aly bekannt, ass u sech eng Gebuertshëllefsmouk, ma gëtt och nach als Spaassbréngermouk bei de Kanner agesat. Hien huet keng gutt an der Kopp, dofir awer ëmmer erëm flott Iddien fir de Kanner d'Natur méi nozebréngen. Seng Aufgab ass et, de Kanner ze hëllefen, weider Erfarungen am Beräich vun der Natur ze sammelen.

Lëschte Freide war dëse Bréif vun him zu Stengefort ze fannen, deen d'Aurélie D'Incau, Mataarbechterin vum Mirador mir virgelies huet: 

Wéi Dir bestëmmt scho wësst, gëtt d'Summervakanz wuel méi ongewëss. Du bleifs vläicht och doheem, a gees net fort, da komm bei mech op Besuch op Stengefort! Hei gëtt et ni langweileg, mir bleiwen och net dobannen, hunn nämlech e Schatz verstoppt, deen et gëllt ze fannen. Fir un dësem Abenteuer deelzehuelen, brauchs du net vill, pak däi Picknick an däi Rucksak, a komm heihi mat der Famill. Am Mirador do waarden ech op dech, do kriss du deng Schatzkaart an da geet et an de Bësch! Ech kann däi Besuch kaum erwaarden. Däin Aly

Dat huet mech virwëtzeg gemaach an ech wollt wësse wéi dat konkret ofleeft. De Marc Parries, Fieschter vu Stengefort an zoustänneg fir de Mirador, huet mir nach weider Detailer ginn:

Et ass gratis. Et muss een ebe just an de Centre erakomme fir sech d'Schatzkaart ze huelen an dat Geschier wat ee brauch, soss ass een net operationell, da kann et net funktionéieren. Dat kritt een dann hei beim Aly. Da kann een an der Famill oder an der Grupp säin Tuer maache goen.

Ech hu mir och nach soe gelooss, dass et nieft dem Picknick och wichteg ass, fest Schong unzedoen, well den Tuer deelweis e bëssi méi kropeleg ass. Dofir ass den Tuer och réischt fir Kanner ab der Primärschoul. 

Wann Dir den Aly perséinlech wëllt kenneléieren an op grouss Schatz-sich goe wëllt, da gitt Iech är Schatzkaart an de Mirador op Stengefort sichen. Op ass en elo de ganze Summer iwwer vu Méindes bis Freides vun 8h00 bis 17h Auer op, Samschdes vun 9 bis 17 Auer a Sonndes vu 14 bis 16 Auer.

Weider Informatioune fannt Dir op Facebook ënnert Mirador - centre nature et forêt oder awer och um Internet Site

Esou en Tuer dauert iwwregens, mat Picknickpaus, ongeféier 3,5 bis 4 Stonnen, dir kënnt deemno en hallwen Dag arechne wann Dir dës Schatzsich maache wëllt.