En Tuer an d'Stad ze maachen, heescht fir vill Leit, shoppen, eppes iessen oder e Patt huele goen. Ma eis Haaptstad huet wäit méi ze bidden, Nicky Soisson.

23072020 Summeragenda LCTO En dag an der Stad mat Kanner

Ween un d'Stad denkt, denkt net onbedéngt un e relaxen Dag mat de Kanner. Ma och wann et ville Leit vläicht net esou bekannt ass, sou kann een duerchaus och mat "Kind und Kegel" e sympatheschen an opreegenden Dag an eiser City verbréngen, Tom Bellion, Direkter vum LCTO:

Et kéint ee sech virstellen, en Dag ze maache wann ee Kanner huet déi e bëssi méi kleng sinn, moies d'City Safari, en Tuer duerch d'Stad maachen, wou dann d'Stad op der Sich no Déiere erkunden. Dat kann een op eege Fauscht maachen oder mat engem Guide vun eis. Wann d'Kanner e bëssi méi grouss sinn, schonn an der Primärschoul, dann d'City Promenade for kids wat am Fong sou eng Zort Schatzsuche duerch d'Stad ass, wou een eng Rei Froe muss beäntwerten a wann een déi richteg beäntwert, da kritt ee bei eis dann och nach e schéine Kaddo als Belounung. Dono, mengen ech, sinn d'Kanner hongereg an da muss een iergendwou eppes iessen, sief et op enger Terrass, sief et op enge vun de Quartiersfester déi elo am Summer all Dag stattfannen, respektiv och bei verschiddene Spillplaze wéi d'Pirateschëff wou een dann och kleng Snacke kann iessen oder eppes drénken. Nomëttes vläicht en Tuer mam Péitrussexpress oder eng Visitt vun engem Stater Musée. De Skatepark am Péitrussdall ass natierlech en Highlight a wann een dann nach ëmmer net midd genuch ass an nach eppes well erliewen, dann nach ofschléissend en Tuer um Riserad op der Kinnekswiss. Ech mengen da wier dat awer en Dag wou d'Elteren an d'Kanner frou wieren.

No esou engem Dag wäert dann och jidderee gutt midd an zeideg fir an d'Heia sinn!

Informatiounen iwwert déi verschidden Aktivitéiten déi de Luxembourg City Tourist Office ubitt, ginn et op hirem Internet Site