Am Summer ass et wichteg fir genuch ze drénken. Waasser ass ee vun de wichtegste Bestanddeeler vun eisem Kierper an och essentiell fir d'Gesondheet, Michèle?

08082020 Gutt a Form - Am Summer soll ee mei drenken

Grad wann et esou waarm ass, da muss een de Waasserverloscht am Kierper ausgläichen andeems mer méi drénke wéi soss, fir eng Dehydratioun z'evitéieren. Mam Alter hëlt de Stock u Waasser och of an do leeft ee Gefor fir nach méi séier ze deshydratéieren, dofir ass et besonnesch fir Senioren esou wichteg genuch Flëssegkeet zou sech ze huelen. Op mannst annerhallwe bis 2 Liter sollten et scho sinn, fir gesond ze bleiwen.

Wiem et schwéier fält fir méi ze drénken, dee kann och higoen an e bësse Goût a säi Waasser maachen.

Hei kann een eng gepressten Zitroun, eng Orange, oder och soss Uebst an d'Waasser maachen fir méi Aroma ze kréien, frësche Menthe, oder och mat kalem Téi funktionéiert dat ganz gutt.

Et muss och net ëmmer Waasser sinn mat deem ee Flëssegkeeten ophëlt, munch Uebst a Geméiszorten hu vill Waasser a suergen och derfir dass een net esou séier deshydratéiert, wéi beispillsweis Meloun, Waassermeloun, Tomat Courgette, oder Zalot. Smoothies an Zoppen sinn och gutt Alternativen fir sech mat deene wichtegen Närstoffer ze versuergen.

Evitéiere sollt een allerdéngs de Konsum vun Alkohol, Kaffi oder Limonaden déi eng contraire Wierkung hunn an engem d'Waasser éischter aus dem Kierper zéien.