Wann Dir op der Sich no enger amüsanter an awer léierräicher Aktivitéit mat der ganzer Famill sidd an dobäi och nach eng sozial Struktur ënnerstëtze wëllt, da kéint de Park Sënnesräich zu Lëllgen dat richtegt sinn. D'Nicky Soisson hëlt Iech elo direkt an dëst klengt Duerf an der Gemeng Wëntger mat.

12/08/2020 Summeragenda: Park Sënnesräich zu Lëllgen

De Park Sënnesräich zu Lëllgen, net wäit vu Klierf ewech, ass e Fräizäitzenter an deem ee seng 5 Sënner op spilleresch, pedagogesch an originell Aart a Weis entdecke kann. U sech kann ee sech dat ganzt wéi eng gelonge Mëschung aus engem Wësseschaftsmusée an enger intelligenter Spillplaz virstellen.

Wat ee genee do erwaart, erkläert eis d'Elisabeth Fretz, Responsabel vum Park:

Am Park Sënnesräich fannen d'Besicher de Sall vun de 5 Sënner. An deem Sall befanne sech interaktiv Statioune déi de Besicher hëllefen hir 5 Sënner an d'Fonctionnement vum Gehier ze entdecken. De Sall verfüügt awer och iwwer Experimentéierstatioune zu den Theme Stroum, Waasser a Kraaft déi d'Besicher zum Staune bréngen.

Nieft dem Sall vun de 5 Sënner verfüügt de Park Sënnesräich och iwwert de Gaart vun de 5 Sënner. Hei kënnen d'Kanner sech zum Beispill op der flotter Spillplaz austoben, de Labyrinth duerchqueren an am Kraidergaart nei Aromaen entdecken.

Experimentéiere mécht hongereg. Am Bistro Sënnesräich vum Park kënnt Dir Iech an der Mëttegstonn nach e bëssi stäerken. Hei gëtt saisonal gekacht an d'Kraider spillen an der Kichen eng wichteg Roll. Fir d'Kanner gëtt et och eng lecker Kaart mat adaptéierte Plate fir si.

Ma de Park ass méi wéi en einfache Fräizäitzenter well en och eng sozial Vocatioun huet. Effektiv gehéiert en zum Lëllger Gaart, enger Kooperativ déi behënnert Mataarbechter beschäftegt. D'Ziel ass hier sozial Integratioun an Autonomie ze fuerderen an hinnen ee laangfristegen, interessante Beruff, deen hire Fäegkeeten entsprécht, unzebidden.

Well de Park Sënnesräich zu engem gudden Deel dobannen ass an domat iwwregens och eng flott Alternative bei manner guddem Wieder ass, goufen elo wéinst der sanitärer Kris natierlech och hei déi néideg Sécherheetsmoossname geholl:

Wéi och op all deenen anere Plaze gëllt Maskepflicht fir all Persoun iwwer 6 Joer an déi allgemeng Hygiènesmoossnamen. Iwwregens fannt Dir op Facebook e flotte Video dozou. De Sall gëtt och all dag no de Visitte komplett gebotzt an desinfizéiert an déi verschidde Statioune ginn och wärend de Visitten desinfizéiert.

Op ass de Park elo an der Summervakanz vu Freides bis Sonndes ëmmer vun 10 bis 17 Auer, de lëschten Ticket gëtt um 16 Auer verkaf. Den Entrée fir Kanner ënner 3 Joer ass iwwregens gratis:

D'Besicher déi sécher wëlle goe net waarden ze mussen, kënnen hier Plaz per Telefon op der Nummer 99 47 84 45 oder per Email un info@sennesraich.lu reservéieren. Dëst ass awer keng Mussesaach.

De Park Sënnesräich ass eng flott Aktivitéit fir d'ganz Famill déi sech ganz gutt mat enger Visitt vun der Ëmgéigend a firwat net mat enger Iwwernuechtung an der Klierfer Géigend kombinéiere léist.

Sämtlech Informatioune fannt Dir op hirem Internet Site: