Wann ee mam Hond spadséieren geet, notzt een déi Zäit fir de Kapp zur Rou kommen ze loossen. Wann en Erfinder mat sengem Hond un der Léngt ënnerwee ass, kann et anescht ausgoen...

03/08/2020 Onerwaart Erfindungen: Ritsch Ratsch

Den Georges De Mestral krut op sengem Tour mam Mupp en Denkustouss fir d’Erfindung vum Ritsch Ratsch. Ëmmer erëm huet e misste Planzen aus dem Pelz vu sengem Kolleg op véier Been eraushuelen, déi sech do ewéi festgehalen hunn, dat huet e rosen awer och virwëtzeg gemaach. Esou huet de Schwäizer di zwee Materialer ënnert engem Mikroskop studéiert. Op déi Manéier huet en erkannt, dass un de Planzen e puer Dausend kléng Kreep dru sinn, an déi setze sech a Réngelcher am Pelz festt. Nach dobäi sinn déi Kreep elastesch an ginn och net futti wann ee fest dru rappt oder zitt.

De kreative Kapp huet probéiert selwer Kreep an Réng aus Stoff ze maachen. Natierlech huet e misste verschiddene Saache probéieren fir erauszefannen mat wéi engem et géing am Beschten halen. En huet sech fir Nylon decidéiert.

An de 50er Joren huet e seng Iddi patentéiere gelooss, e puer Joer drop huet en der Welt de Ritsch Ratsch presentéiert, d’Begeeschterung huet sech allerdéngs a Grenze gehalen. Eréischt am Weltraum koum dem De Mestral säi Ritsch Ratsch an den Asaz, méi spéit hunn och d’Produzenten vu Schong sech dofir interesséiert, ewéi zum Beispill Puma. Dat war Enn de 60er Joren. Den De Mestral huet esouguer seng eege Firma gegrënnt, „Velcro“.

De Produit gouf no a no weiderentwéckelt. No der Apollo-Katastroph wollt d’Nasa e Ritsch Ratsch hunn, dee net brennt, an esou koum een aus Glasfaser. Déi op de Costumen vun de Formel-1-Fuerer an de Pompjeeën sinn aus Nomex a brennen och net. An an de Fligeren ginn där agesat, déi extra imprägnéiert sinn, esou dass se sech quasi selwer läsche kënnen wann et emol brennt.