Se sinn e puer Millioune Joer al a liewe nach. Am Laboratoire hu se erëm ugefaange mat wibbelen.

03/08/2020 Mikroben, méi al ewéi Methusalem

Keng-Sciene-Fiction also, mä Realitéit. Bal honnert Meter ënnert dem Buedem vum pazifeschen Ozean leie se ze schlofen, zanter ronn 10 Millioune Joren. Dat schreiwen d'Fuerscher esou an engem renomméierte Wëssenschaftsmagazin. Bei deem wat se fonnt hunn, handelt et sech ëm Mikroorganismen an déi konnte se am Labo reaktivéieren an der esouguer méi draus maachen. E Fuerschungsschëff huet bal 75 Meter déif an de Buedem vum südpazifeschen Mierwierbel gebuert, a Schichten, déi tëscht 13 an eppes iwwer 100 Millioune Joren al sinn. Zanter Jorzéngte gëtt dat scho gemaach fir d'Klimageschicht vun eiser Äerd an den Ökosystem an de Mierer besser ze verstoen.

De Wierbel ënnert deem gefuerscht gouf, hëlt ronn 10 Prozent vun der ganzer Surface vun der Äerd an, an zielt zu deene Regiounen op eisem Planéit, vun deene mer am mannste wëssen. Déi zentral Fro war, ob et do iwwerhaapt Liewe ka ginn, well d'Sonn an deem Gebitt extrem dréckt an d'UV-Stralung immens héich ass. Donieft ass et wäit vum Land ewech, et kënnt also kee Stëbs an och keng aner Saachen do un an et si kaum bis guer keng Nährstoffer am Waasser.

Organesch Offäll vum Mier lageren sech iwwert d'Joren of a bilde Schichten an deenen d'Mikroben agespaart sinn. Dat kënne Bakterien, Mikroalgen a Protozoen sinn. An déi sinn emol keng 0,03 Millimeter grouss.