Et ass wahrscheinlech eng Fro, déi jiddereen den Ament gestallt kritt: "Wat maacht Dir dann eigentlech dëse Summer?" Do wäerte vill Leit iech äntweren: "Vakanz Doheem". Ma och hei am Land gëtt et jo bekanntlech vill ze gesinn. Virun allem gëtt Wanderen ëmmer méi beléift. Sief et am Mëllerdall, laanscht d'Musel oder ob soss flotte Plazen, déi et ze entdecke ginn. Ma dat hëlleft net nëmmen, wann Iech langweileg ass, mee ass virun allem och gesond.

05/08/2020 Wanderen ass gesond an ëmmer méi beléift

Et muss een net ëmmer weit lafen, fir flott Wanderweeër ze fannen. Och am Grand-Duché an an der Ëmgéigend fënnt een der méi wéi genuch. Ma virun allem déi grouss Offer an de Mix, deen een hei am Land vun der Lëtzebuerger Wanderfederatioun ugebueden kritt, géing dozou bäidroen, dass ëmmer méi Leit op de Goût kommen, sou den Romain Buschmann, President vun der Wanderfederatioun, FLMP a vum Wanderveräin Jonglënster.

Ma nieft der grousser Offer, wou een all Sonnden verschidden Routen presentéiert kritt, bidden déi bal 50 Clibb hei am Land, virun allem eppes un. Nämlech Gesellegkeet. Beim Wanderen huet een e Moment, wou een mol nees genuch Zäit huet, fir mat de Leit ze schwätzen.

Wanderen gëtt ëmmer méi beléift an ass an engems och immens gesond. Et ass een an der frëscher Loft an et beweegt ee sech. D'Häerz gëtt ugekuerbelt an et fillt een sech duerno besser. An dat bestätegen och d'Experten. Déi soen nämlech, dass Wanderen gutt fir eis Gesondheet ass an dass een uewendrop och nach doduercher ofhuelen kéint. Dat awer nëmmen, wann een dacks, gemittlech a laang trëppelen geet. Well nëmmen dann kéint ee Resultater gesinn. Beim Ausdauersport gëtt nämlech fir d'éischt Energie verbrannt, also Kuelenhydrater an net Fett. Fir dass Fett verbrannt gëtt, misst een dofir laang a gemittlech trëppelen, sou dass een ouni Problem nach mat sengem Partner schwätze kéint.