Den Téi ass ee vun den eelsten a feste Bestanddeeler vun der mënschlecher Kultur. Och haut verkierpert de Genoss vun deem traditionelle Gedrénks e Stéck Kultur an eng Liewensastellung a geet domat wäit iwwer de Fakt eraus dass e just nëmme géint den Duuscht wierkt. D'Michèle Schons proposéiert iech zesumme mam Marc Romersa vun Tea and More eng kleng Serie, wou mir haut 3 mol e klengen Abléck an d'Welt vum Téi liwweren.

24062020 Tea For Two Serie 1

Alles fänkt a China un... am Joer 2737 virun eiser Zäitrechnung. De Chinesesche Keeser Shen Nung sëtzt ënnert engem Bam, huet grad säi Waasser um Feier stoen wéi e liichte Wand Blieder vun den Äscht erof bléist, déi an d'Waasser falen, wat sech doropshi verfierft an ufänkt gutt ze richen. De Keeser schmaacht, ass begeeschtert an drénkt nach méi dervun. Do war den Téi entdeckt.

Wäisse, giele, grénge, schwaarzen oder och Olongtéi stamen all vun der Planz Camellia Sinensis an enthale méi oder manner Koffein. Dernieft gëtt et Friichten a Kraidertéi, sougenannten Infusiounen an Tisane. Da gëtt et och Rooibos aus Südafrika, an den Chaitéi, eng Mëschung aus schwaarzen Téi an indesche Gewierzer. Den aktuellen Trend ass de gemuelene grénge Matcha aus Japan, den Maté aus Südamerika, beim Friichtentéi si Mëschungen aus Kurkuma, Hanfblieder, Ingwer an traditionell Menthe a Kamillen.

Da gëtt et och eng Tendenz zu Coldbrew elo, Téi dee kal opgeschott gëtt, wouduerch d'Batterstoffer manner intensiv sinn, an d'Gedrénks och am Summer elo gutt bekënnt. Gäre gëtt dëse mat gréngem Téi aus Japan opgeschott.

Wärend dem Confinement gouf et e kloren Trend a Richtung Gesondheetsbewosstsinn, a vill leit hunn ugefaange sech fir den Téi z'interesséieren, wouduerch och d'Téikultur hei zu Lëtzebuerg gewuess ass.

Hei am Land dominéiert nach ëmmer méi de Kraider a Friichtentéi, mee doduerch dass Lëtzebuerg ëmmer méi Multikulti gëtt, verbessert och den héichwäertegen Téi säi Stellewäert.

Et gëtt kee Gedrénks wat méi divers ka preparéiert a gedronk gi wéi Téi, an d'Faarf vum Téi dëst Joer ass giel. Mat Pijen, Zitrusfriichten oder Mango leit der also bei dem Friichtentéi voll am Trend.

Téi geet ëmmer. Och haut nach emol ëm véierel vir 12 a véierel bis 2, do setzen d'Michèle Schons an de Marc Romersa nach emol de Bitz mam Waasser op, a liwweren iech Fakten, Geschichten, Lëschteges, Traditiounen a Gesondes iwwert den Téi.