Téi ass zanter Joerdausenden e beléift Gedrénks, dat och a villen Natiounen kulturell verankert ass. Mee den Téi gëtt net nëmme wéinst sengem Goût oder wéinst der Traditioun gedronk, nee, en ass och nach immens gesond. Virun allem iwwer gréngen, schwaarzen a wäissen Téi ginn et etlech Etüden an Analysen vum gesondheetlechen Effekt. Ma och aner Zorte wéi Matcha, oder Mate déi bis viru kuerzem nach net esou bekannt bei eis waren, si gutt fir Kierper a Séil, Michèle Schons?

08062020 Tea for two - Tei ass gesond

Ofgesi vun den ostfrisesche Schwarztéidrénker an den Englänner hiren Afternoon-Tea huet den Téi hei an de westleche Géigenden par Rapport zum Kaffi ni wierklech esou eng grouss Roll gespillt. Mee du koum dee Boom mam gréngen Téi, an der Hoffnung dat asiatescht Traditiounsgedrénk wär esou gesond. De Moment gëtt am Duerchschnëtt dann och an eise Géigenden 26 Liter Téi am Joer gedronk, mol méi mol manner, an do ass all véiert Taass gréngen Téi. Watferen ass dann elo eigentlech dee gesondsten, Marc Romersa vun Tea and More?

M.R. - Dee gesondsten Téi ass Matcha, et ass e gemuelen gréngen Téi aus Japan, dee eng extrem Positiv Wierkung op d'Gesondheet huet, a well hei dat ganzt Blat verschafft gëtt, huet den Téi eng héich Konzentratioun u wäertvolle Wierkstoffer. Sai ganz héije Gehalt un der Aminosaier L-Theanin suergt fir Entspanung a Stressreduktioun. De Matcha huet 3 mol méi Antioxidanten wei den normale gréngen Téi a wierkt géint Entzündungen, suergt fir gutt Arterien a reduzéiert Häerzerkrankungen. Ausserdeem verbessert e Gehirleeschtung a Konzentratioun. Et soll een en zweemol den Dag drénken, am beschte fréi Moies oder Mëttes.

Een Téi deen nieft dem Matcha dann och e ganz speziellen Hype den Ament kritt, ass de Mate. Deen huet seng Originnen an Argentinien, Peru, Paraguay, Uruguay a Brasilien a gëtt vun den Eenheemesche genee esou consomméiert wéi de Kaffi. 

M.R. - De Mate Téi enthält Koffein, oder och Matein genannt, mee doduerch dass en de Mo schount, kann et eng gutt Alternativ zum Kaffi sinn. En enthält genee wéi de gréngen Téi vill Antioxidanten, huet keng Kalorien, mécht waakreg, verbessert d'Konzentratioun an d'Gediechtnes, a suergt derfir dass ee méi laang sat ass. Dofir ass en en idealen Appetittzügler an e gudde Begleeder wann een ofhuele wëllt.

Fir dass den Téi och säi richtegen Effekt kritt, wéi preparéiere mer en a wourop musse mer oppassen?

M.R. - D'Wierkung vum Téi hänkt vun der Zesummesetzung an der Konzentratioun vun den Inhaltsstoffer of. Eng Héichwäerteg Qualitéit vun Téi huet eng däitlech méi héich Konzentratioun un Inhaltsstoffer, dofir kann een deen Téi och e puermol opschëdden. Fir eng gutt Wierkung sollt ee Koffeinhaltegen Téi net méi laang wéi dräi Minutten zéie loossen an och direkt drénken, soss kënnen d'Inhaltsstoffer sech zersetzen.

Iwwregens, och den Téisäckelche sollt der net ewechpuchen, ma dee kënnt der bei Hautproblemer wéi Akne, oder Reefer ënnert den Aen asetzen, oder och géint de Bass, wann ee vun enger Mustik gepickt gouf.