Wéi kéint een dës jonk Damme beschreiwen? Definitiv mat engem Wuert: FAARWEG! Klickt een sech nämlech duerch d'Instagram-Säit vum Anna Seyser, besser bekannt als Annaroslily, da fält engem op, dass am Kleederschaf vun der jonker Fra wahrscheinlech kee Kleedungsstéck, schwaarz, gro oder wäiss ass. Si deelt hir Léift fir Faarwen zanter Joren mat hiren 16.600 Follower op de soziale Medien.

11/08/2020 Social Media Perséinlechkeeten: Annaroslily

Hir Léift fir Faarwen huet d'Anna quasi scho mat an d'Kannerkutsch geluecht kritt. Hir Mamm huet si fréi scho ganz faarweg ugedoen. An dës Passioun fir Faarwen, Muster a Stoffer ass hir bis elo nach erhalen bliwwen. Schonn als Kand wollt si ni sou ausgesinn wéi déi aner an Kleeder hunn hir d'Méiglechkeet ginn sech no baussen auszedrécken.

Op d'Iddi fir sech an hire Stil ëffentlech ze presentéieren, ass si awer eréischt duerch eng Frëndin komm, déi si encouragéiert huet hire Stil mat aneren ze deelen. An sou huet si fir d'éischt en eegenen Blog geschriwwen, ier si 2014 zousätzlech mat Instagram ugefaangen huet. Do post si elo bal all Dag nei Fotoen vun sech an hire konterbonten Outfits. Et si vill Eenzelstécker drënner a Kleeder, déi een sou dacks net gesäit. Et ass eng Passioun fir d'Anna, wou si gären ganz vill Zäit dran investéiert. Dat meescht fënnt déi jonk Fra um Internet, wou si vill vun hire Kleeder ersteet.

Bis elo hat d'Anna, dat och nach Primärschouljoffer ass, nach keng negativ Erfarung mat Instagram. Ma am Contraire, si huet immens vill Leit, déi hir positiven Feedback ginn a si motivéieren fir weider ze maachen.

An dat ass et einfach! D'Anna ass eng Ambassadrice fir Faarwen. Et gëtt ëmmer e Grond fir sech faarweg unzedoen.