Déi eng Leit ginn an de Congé, déi aner annuléieren hire fir e musikaleschen a kulturelle Summerprogramm op d'Been ze stëllen – och dëst Joer, trotz dem Covid-19. D'Rotondes zu Bouneweg hunn sech net vum Virus ënnerkréie gelooss, ma si hunn den 1. August den Optakt vun der mëttlerweil schonn 12. Editioun vun hirem Summerfestival „Congés Annulés“ gefeiert.

Nach ronn zwou Woche kann een an de Rotondes vu Concerten an anere flotte Manifestatioune profitéieren.
D'Sandy Elsen mat Detailer.

12/08/2020 Congés Annulés 2020

Nach bis den 23. August kann ee gratis vun där grousser Summerprogrammatioun an de Rotondes profitéieren, ma et muss ee säin Ticket am Viraus reservéieren.

Dee komplette Programm vum Festival fënnt een ënner www.rotondes.lu.