Ënn 2019 an Ufank vum dësem Joer war déi ganz Welt geschockt vun de schlëmmen Bëschbränn an Australien. Méi wéi 100.000 Quadratkilometer sinn bis Mäerz zejoert ofgebrannt gewiergt. Schold dorunner war net, wéi vill Leit ugeholl hunn, déi laang undauernd Dréchent am Land. Ma déi war allerdéngs e gudde Katalysator, fir dass d'Bränn sech ëmmer méi séier konnten ausbreeden. An och mir mierken hei an Europa elo grad, wéi et sech esou eng Dréchent ufillt. An dat elo schonn den drëtte Summer hannerteneen. Do stellt sech d'Fro, ob dat net awer eng Konsequenz vum Klimawandel ass?

11/08/2020 An Zukunft méi dréchen a waarm?

Zanter 1766 gouf et an Mëtteleuropa keng zwee Summeren hannerteneen, déi sou dréchen waren, wéi d'Joren 2018 an 2019. Zwar si mer den Ament nees voll an sou enger Period dran, ma de Summer 2020 ass nach net eriwwer a soumat misst een nach ofwaarden, wéi et bis Enn August weider geet, sou de Meteorolog Clemens Grohs.

An och mat Aussoen, wéi dass d'Hëtzt an d'Dréchent ob de Klimawandel zeréck ze féieren sinn, misst een nach virsiichteg sinn. Et hätt ee festgestallt, dass d'Temperaturen an d'Luucht ginn an dass zum Beispill an der Arktis zanter 2000 d'Temperaturen duebel sou séier klammen, wéi ugeholl ginn ass. Mee et misst déi nächst Joren nach ofwaarden, ier een esou Theorien kéint bestätegen.

Fakt wier awer och, dass d'Fréijoer dëst Joer aussergewéinlech waarm gewiergt wier. An dat hätt och elo Repercussiounen, ob d'Temperaturen. De Buedem wier immens dréchen an doduercher kéint Hëtzt net duerch d'Verdonsten vu Waasser erofgedréckt ginn. Doduercher wier et och elo sou extrem waarm, sou dass Temperaturen vun iwwer 35 Grad gemooss ginn.

Meteorologesch ass de Summer den 31. August eriwwer. Wéi et elo déi nächst Woche weidergeet, dat misst ee nach gesinn. Gewosst wier awer, dass et nach gutt waarm géing bleiwen an et dach emol vereenzelt Schaueren géingen ginn, mee ob dat duer geet, fir de Réckstand opzehuelen, wier nach oppen. Ma virun allem d'Landwirtschaft géing sech awer freeën iwwert e bëssen, oder soen mer, e bëssen méi Reen.