Wéi laang haalt Dir et eigentlech an der Sauna aus? 2008 souz e Finn, de Bjarne Hermannsson, 18Minuten a 15 Sekonnen an enger 110 Grad waarmer Sauna. Soulaang wéi nach kee virun him. Weltrekord! Am Alldag kënnen Temperaturen ëm 37 Grad awer scho fir eis geféierlech ginn, well de Kierper da keng Hëtzt méi kann ofginn. Liewensgeféierlech kann et ab 42 Grad ginn. Dat ass nëmmen ee vun villen Fakten, déi een iwwert d'Hëtzt wëssen kéint.

12/08/2020 Wat een alles iwwer Hëtzt wësse kann?

Mierkt Dir et net och? Déi lescht Deeg, bei dëse scho bal Sahara üblechen Temperaturen, hat een d'Gefill et wier een méi gereizt, wéi soss. Et konnt een net gutt schlofen an et war schwéier iwwerhaapt eng Plaz ze fannen, wou et e bëssen méi kill ass. A wann dann een nach eppes vun engem wollt, ausser faul op der Panz ze leien, dann ass een direkt ënnert de Plafong gaangen. Ma passt ob, well ab elo hutt Dir eng gutt Excuse. Hëtzt mécht eis nämlech aggressiv. An dat geet schonn bei Temperaturen ëm déi 28, 29 Grad lass. Mir si nämlech e Gewunnechtsdéier a fir eis als Mëtteleuropäer leit d'Grenz wou mir eis wuelfillen tëscht 22 an 25 Grad.

Do stellt sech d'Fro, wien esou eng Hëtzt dann eigentlech aushale kann? Prokaryoten si mini-kléng Liewewiesen, déi keen Zellkär besetzen. Grad esou wéi Bakterien an déi am déiwe Mier a Quellen aus Spruddel liewen, wou dauernd gliddeg waarmen Damp erauskënnt. Déi Quelle gëtt dofir och nach Black Smoker genannt. Bannendran kann et bis zu 120 Grad waarm sinn. An déi kleng Déiercher fillen sech eréischt richteg wuel, wann déi 90 Grad Grenz iwwerschratt ass.

A wat kënnt meeschtens no der Hëtzt? Richteg! Dat grousst Freedefeier aus Donner a Blëtzer. Ma e Blëtz ass bal sechs mol sou waarm, wéi d'Uewerfläch vun der Sonn. Am Verglach: e Blëtz ka bis zu 30.000 Grad waarm sinn an d'Sonn huet eng Temperatur vun 5.500 Grad. Do huet ee besser sech aus dem Stëbs ze maachen, well e flotten brongen Teint kritt een domadder net.

Bleiwe mir e bëssen am Weltall a bei de Planéiten. Obwuel de Planéit Merkur am noosten bei der Sonn ass, ass et do awer net am wäermsten. Dat well de Merkur keng Atmosphär huet. Et gëtt also kee Gas, dee méi waarm gëtt an deen d'Hëtzt da kann halen. An der Nuecht kann et um Merkur souguer bis -170 Grad kal ginn. Beim Planéit Venus ass et do e bëssen anescht. Deem seng Atmosphär besteet bal nëmmen aus CO2 an dat suergt dofir, dass et um Planéit am Duerchschnëtt ëm déi 460 Grad waarm gëtt. Bei sou enger Hëtzt bleiwen zum Beispill Metaller, wéi Zénk oder Bläi, flësseg.

Do freet ee sech wéi et den Astronauten do kal genuch bleift. Ma och déi hunn domadder ze kämpfen, well déi hunn do uewen konstant Féiwer an eng Kierpertemperatur vun 38 Grad. Et ass fir de Kierper méi schwéier Wäermt auszetauschen, wann en net mat de Féiss um Buedem ass.